Op der Aarbecht si mir virum Computer, dertëscht kucke mir op de Smartphone an doheem an eiser Fräizäit setze mir eis da gären nach bei der Fernsee, de Laptop oder scrollen um Handy. Mir verbrénge vill Zäit virum Ecran a sinn domadder och der sougenannter bloer Luucht ausgesat. Déi steet am Ruff net ganz gutt fir d'Aen ze sinn, ma och d'Haut soll vun de Stralen ugegraff ginn. Wat et domadder op sech huet, weess d'Lea Schwartz.

25052020 Blo Luucht

Déi blo Luucht, gëtt och nach HEV Luucht genannt. Dat steet fir "High Energie Visible Light". Et fënnt ee se am Sonneliicht, ma och a kënschtlecher Luucht zum Beispill beim Handy, dem Computer, dem Fernsee an awer och bei LED Luuchten. Si ass awer net grondsätzlech schlecht. Si kann zum Beispill och dozou bäidroen, eis Stëmmung ze hiewen an eis waakreg ze maachen. Si verhënnert d'Produktioun vu Melantonin, engem Hormon dat midd mécht an eis hëlleft anzeschlofen. Dofir soll een och op d'mannst eng Stonn virum Schlof net méi op een Ecran kucken. Déi blo Luucht gëtt esou guer als Therapie am Kosmetikberäich bei Neurodermitis a Schuppenflechten agesat.

Et ass awer d'Doséierung, déi et mécht. Bei der Therapie ass et just e kuerze kontrolléierten Zäitraum. Duerch eise moderne Liewensstil gëtt ugeholl, dass mir der bloer Luucht ze vill am Alldag ausgesat sinn. Doduerch, dass mir immens vill Zäit virum Ecran verbréngen. Anescht wéi bei der Sonn ass hei den Undeel vun den HEV Strale vill méi héich.

Ob a wéi elo déi blo Luucht sech positiv oder negativ op eis Gesondheet auswierkt, ass net erfuerscht. Et feelt un Etüden, déi iwwert e méi laangen Zäitraum gefouert gi sinn. Éischt Ënnersichunge sollen awer bewisen hunn, dass d'HEV Luucht eben nach méi déif an d'Strukture vun der Haut erageet. Doduerch ass eis Haut enger grouss Unzuel u fräie Radikalen ausgesat. Déi zerstéiere Faseren am Bindegeweben an droen dozou bäi, dass kleng Falen entstinn oder souguer Entzündungen.

Et gouf och observéiert, dass Altersflecke méi dacks op där Säit entstinn, wou een den Handy widder hält fir ze telefonéieren. Et gëtt ugeholl, dass et dorunner läit, dass den Handy esou no un der Haut ass, an d'blo Luucht konzentréiert op en Deel straalt.

Fir dat ze verhënneren, kann een zum Beispill méi dacks op Headsetten zréckgräife fir ze telefonéieren. An et hëlleft och scho wann een d'Hellegkeet vum Ecran e bëssen erofdréit oder méi dacks de Nachtmodus umécht. Dat ass eng Astellung, déi déi meeschten Handye mëttlerweil hunn. Dann ass den Undeel vu bloer Luucht net méi grad esou grouss. Um Marché fënnt een och schonn extra Crèmen, déi do virdru schütze sollen. Ma och d'Ernärung kann hëllefen, déi Fräi Radikal, déi d'Haut ugräifen, ze neutraliséieren. Liewensmëttel mat vill Antioxidante wéi zum Beispill Brokkoli, Molbieren oder Ënne kënnen deem entgéint wierken.