D'Zäit vun de Spigelen am Auto geet sou lues op en Enn. Kamerae bidden däitlech méi Récksiicht a liwweren hëllefräich Zousazinformatiounen. Och de Réckspigel bannen am Auto gëtt ëmmer méi virtuell. 

26052020 Kee Spigel mei am Auto

Ëmmer méi Autosconstructeure setzen effektiv op Kameraen amplaz vu Spigel a verspriechen de Fuerer domat méi Sécherheet. 

Bei Etüden ëm den Design a Showcars hunn d'Hiersteller scho laang mat dësen Technologien experimentéiert.  Well 1996 gouf et den F200 Imagination, e Fuerschungsauto vu Mercedes Benz, dee mat Kameraen an Ecran amplaz vu Spigelen iwwerrascht hat.

Ma réischt 2011 huet de serieméissegen Asaz vu Kameraen an den Autoen ugefaangen, notamment beim VW XL1. De Grond dofir war u sech en aneren. An zwar ass et drëms gaangen, bei dësem 1-Liter Auto esou vill wéi méiglech Sprit ze spueren an dat geet mat Kameraen, déi manner wéie wéi Spigelen, wuel besser.

Aus deem selwechte Grond hat och Audi dës Technik fir säin 1. designéierten Elektroauto E-Tron iwwerholl.
Effektiv kënnt dësen eleng dowéinst e puer honnert Meter méi wäit mat enger Charge. Ausserdeem sollen déi virtuell Spigelen d'Manövréiere méi liicht maachen, well se jee no Fuersituatioun d'Perspektiv veränneren.

Virun allem ëm d'Sécherheet geet et dem Lexus Spriecher Andreas Lübeck no, bei den digitale Spigele vum ES, dee fir 2000 Euro méi och mat Video Aen baussen an Ecranen bannen ekipéiert ka ginn.

Anescht wéi mechanesch Spigele wieren dës ëmmer richteg agestallt a weisen ëmmer en optimaalt Bild, ob an der Nuecht, bei Niwwel, Reen oder Sonn. En plus géinge sech Warnungen oder Positiounslinnen ablende loossen.

Awer net nëmme fir d'Spigele baussen etabléiere sech d'Kamerae sou lues. Och de Réckspigel gëtt ëmmer méi virtuell. Bei Autoe wéi dem Opel Ampera-E, dem Range Rover Evoque oder och dem Land Rover Defender kann ee mat engem Knäppchen de Spigel tëscht der konventioneller Technik an dem Kamerabild ëmschalten. 

Da gëtt de Spigel zum Moniteur a weist dem Fuerer, wat eng Lëns hannen um Daach gesäit. Sou huet de Chauffeur beim Manövréiere eng fräi Siicht, och wann d'Mall voll ass oder d'Käpp vun de Passagéier d'Vue blockéieren. 

Ma wann et op laang Siicht eemol autonom Autoe wäert ginn, da si Spigel souwisou hifälleg.