90 Joer feiert haut d'Multitalent Clint Eastwood. Obwuel wann et dem amerikaneschen Acteur géif nogoen, géif net grouss gefeiert ginn. Hie wéilt just schaffen a säi Liewe genéissen, awer net feieren. Och vu Pensioun wëll hien näischt héieren a géif et nach ëmmer schätzen mat Filmaarbecht seng Suen ze verdéngen, sot den Eastwood Ufanks vum Joer. D'Marie Gales mat engem klenge Portrait iwwert de Clint, deen den 31. Mee 1930 zu San Francisco gebuer gouf.

31/05/2020 Happy Birthday Clint Eastwood!

Säin éischte Filmoptrëtt hat de Clinton Eastwood Jr. 1955 am Film ''Tarantula'' an huet déi Risespann als Pilot a sengem Düsenjet dierften ofschéissen. Seng éischt Filmroll mat klengem Text gouf et dat selwecht Joer a ''Revenge of the Creature''.
Fir finanziell iwwert d'Ronne ze kommen, huet hien och als Schwammmeeschter geschafft. Enn der 1950er Jore war hien dunn a Western-Filmer ze gesinn, fir d'éischt an der Serie ''Rawhide'', op Däitsch ''Tausend Meilen Staub oder Cowboys'' an dat war genee dee Genre duerch deen hie säi Duerchbroch sollt erliewen; 1964 ënnert der Regie vum Sergio Leone am Film ''A Fistful of Dollars'' an huet domadder d'Bild vum Westernheld gepräägt, deen eleng an ouni grouss Wierder am Wëlle Westen ënnerwee ass.

Dës Italo-Western haten dem Eastwood zu weideren Haaptrollen zu Hollywood verhollef, och net méi gespréicheg war seng weider grouss Roll als Police-Inspektor Harry Callahan an huet a sëllegen "Dirty Harry"-Filmer eng nächst Kultfigur geschafen.
Ma den Eastwood huet net kuerzfristeg geplangt a fir méiglechst laang am Filmbusiness ze bleiwen, hat hie sech dunn och hannert d'Kamera gestallt a Regie gefouert. Déi 1. Kéier war dëst 1971 fir de Film ''Play Misty for Me'' an de Film gouf e grousse Succès.

Den Eastwood ass e Multitalent, och als Komponist a Sänger trëtt hien an Erscheinung a selwer stellt e sech och nach am héijen Alter virun d'Kamera. Am Drogenthriller ''The Mule'' hat hien en alen Drogekuréier gespillt a voll iwwerzeegt.
Net all Film, deen hie realiséiert huet, war e Risesuccès, mä vill schonn s wéi ''Unforgiven'', ''Million Dollar Baby'', ''A perfect world'', ''The bridges of Madison County'',''Hereafter'', ''Gran Torino'', ''Sully'', oder säi rezente Film ''Richard Jewell'' an domadder ass d'Lëscht laang nach net ganz genannt.

Den Eastwood schafft präzis, séier, am Budget an ass dacks éischter mat den Dréiaarbechte fäerdeg wéi geplangt. Kee Mann vu grousse Wierder, mä e Mann, deen handelt. Politesch ass den Acteur och engagéiert, hie selwer war 2 Joer laang Buergermeeschter vun sengem Heemechtsuert Carmel by the sea a Kalifornien an trotz senge liberalen Usiichten ass hien en Unhänger vun de Republikaner. Hat hien Ufanks 2016 nach den Donald Trump ënnerstëtzt, huet hien am Februar vun dësem Joer den amerikanesche President schaarf kritiséiert a seng Politik als ''ofstoussend bezeechent.

Gefeiert gëtt de ronnen 90. awer e bëssi, an zwar an der Famill. Do komme och eng Jett Leit zesummen, well de Clint Eastwood ass Papp vun 8 Kanner, vun deenen e puer och de Wee an de Film- a Musekbusiness fonnt hunn.