Normalerweis géing ee jo warscheinlech de Papp froen, wann een iwwerfuerdert mam Krawatteknuet wär, ma wat ass, wann een ouni deen opgewuess ass? En Amerikaner hat do elo eng ganz flott Iddi, en huet nämlech e Youtube Kanal gegrënnt, deen heescht: "Dad, how do I?" D'Michèle Schons huet mol eragekuckt:

28052020 E gudde Rot vum Papp brengt Millioune Follower

Bannent nëmmen e puer Wochen huet de Rob Kenney et fäerdeg bruecht dass bal 2 Millioune Leit säi Youtube Kanal abonéieren. Dobäi mécht e quasi näischt Ongewéinleches wéi just kuerz Videoen online ze setzen, déi e bei sengen alldeeglechen Aufgabe begleeden. An, esou selbstverständlech déi Aufgabe fir deen ee sinn, fir anerer schéngen se dann awer eng gréisser Erausfuerderung ze sinn. Beim Rob fënnt een Hëllef, zum Beispill wann et drëms geet fir e Krawatteknuet ze bannen.

Seng Liewenswichteg Tricker stellt en zur Dispositioun, fir all déi, déi keen hunn, deen se froe kënnen, wann se an engem anere Beispill en Hiem strecke mussen.

Egal ob den Offloss verstoppt ass, oder d'Spull vun der Toilette streikt, oder och déi éischt Rasur fälleg ass, ob dee Mann, deen och ouni Papp opgewuess ass zanter e 14 Joer al ass, ass verlooss, an dat ouni beléierend ze wierken.

De Rob selwer ass vun Chicago, huet zwee erwuesse Kanner an ass zanter 29 Joer bestuet. Hie wëll weiderginn, wat e geléiert gouf an de Männer Courage maachen.

An seng Follower sinn em dankbar, dat gesäit een och an de Commentairen déi ënnert senge Videoe sinn, do sinn esouguer och Fraen déi em Merci soen.