Wéi dacks wiesselt dir dann esou d'Handduch oder d'Buedduch am Buedzëmmer? Déi sollten nämlech eigentlech reegelméisseg gewäsch ginn. Well grad an Dicher fënnt een dacks vill Keimen. Wéi een dat evitéiere kann, huet d'Lea Schwartz an e puer Tipps zesummegefaasst.

29052020 Richtege Gebrauch vun Hand- a Buedduch

Et geet ee schwammen, dréchent sech mam Buedduch, packt dat fiicht Duch nees an an,... vergësst et. D'Resultat kann een da richen, d' Duch gëtt muuschteg. An deem fiichte Material fille sech Keimen a Pilzen nämlech besonnesch wuel a kënne sech ënnert deenen Ëmstänn och gutt weider entwéckelen. Do bleift engem da just d'Duch séier ze wäschen.

Besser ass et awer natierlech d'Duch direkt nom Gebrauch opzehänken. An dat gëllt net just fir d'Dicher nom schwammen, ma och d'Bueddicher an Handdicher sollte richteg gedréchent ginn. Iwwerall wou et fiicht a waarm ass, fille sech Keimen, Pilzen a Krankheetserreeger besonnesch wuel. Virun allem an engem Buedzëmmer wou et duerch d'Duschen eleng gäre méi fiicht ass an dacks ass et dann och nach gutt waarm. Am beschten ass et dofir naass oder fiicht Dicher ausgebreet op der Heizung dréchnen ze loossen.

Domadder wär dat richtegt Dréchne jo gekläert. Ma och bei der Benotzung kann een op e puer Saachen oppassen fir, dass aus den Dicher mat deene mir eis eigentlech propper maache sollen, keng Keimschleidere ginn. Am beschtens evitéieren, dass vill Leit mateneen dat selwecht Duch benotzen.

An der Theorie gesinn déi Dicher jo ëmmer ganz propper aus, an et huet een sech jo just grad d'Hänn gewäsch. Wéi sollen dann do iwwerhaapt Keimen dru kommen? Normalerweis ginn déi jo virun allem vun eis selwer iwwerdroen. Beim Wäsche geet zwar e gudden Deel erof, mee si mir éierlech, heiansdo geet et dann awer méi séier an et wäscht een sech d'Hänn manner grëndlech wéi dat sollt sinn. Domadder bléiwen dann och Keimen un den Hänn, an déi landen duerno am Duch.

Et geet do schonn duer, dass deen een oder aneren aus dem Stot seng Hänn dann net grad esou grëndlech wäscht an da sinn duerno awer Bakterien am Handduch. Wa jiddereen dat selwecht d'Duch benotzt, ginn déi da vun allen Memberen aus dem Stot weider gedroen.

Am beschten wär et da souguer nach, wa jiddereen net just seng eegen benotzt, ma och fir déi ënnerschiddlech Kierperdeeler extra Dicher hëllt. Also verschidden Dicher fir d'Hänn, d'Gesicht an de Kierper. Sou soll een zum Beispill net mam deem fir d'Hänn och d'Gesiicht ofdréchnen. Enger Etüd vun der Universitéit Arizona no si 90 Prozent vun den ënnersichten Handdicher reegelméisseg mat Keimen aus Fäkalen a Beréierung komm gewiescht. An déi wëll en jo elo net wierklech am Gesicht hunn.

Dowéinst gëtt och geroden, dass d'Dicher reegelméisseg gewäsch solle ginn. An zwar all 3 Deeg. Wann ee krank ass, souguer nach méi dacks. Eng Wäsch vun 60 Grad u hëlleft all potentiell Krankheetserreeger lass ze ginn. Méi waarm muss et net onbedéngt sinn. Hält ee sech un déi puer Tipps, da kann een och sécher sinn, dass d'Dicher eis nom Duschen, Wäschen oder Schwammen net méi knaschteg wéi virdru maachen.