Wéi glécklech sinn da verschiddener vun iech iwwert d'Tatsaach, dass se elo nees dierfen, respektiv mussen op d'Schaff goen? Huet dat iergend en Afloss dorobber, wéi zefridden dass der op der Aarbecht an och an ärem Liewen sidd? De Raoul Roos mat der Fro ob e Beruff iwwerhaapt ka glécklech maachen!?

28/05/2020 E gléckleche Beruff 09h45

Am beschten ass et jo et gëtt ee gutt bezuelt an d'Aarbecht mécht Spaass. Mä muss eng Aarbecht dat iwwerhaapt, respektiv ka se dat? Eng Ëmfro vun der Manpower Group bei eisen däitsche Noperen ass zur Konklusioun komm, dass 55 Prozent mat hirer Aarbechtsplaz zefridden sinn. Ok, et kéint een natierlech och elo soen, dass bal d'Hallschent vun hinnen net zefridde sinn. 

Dat géif dann awer och zum Deel un den eegenen Erwaardunge leien. Well d'Realitéit gesäit dacks anescht aus wéi dass ee gutt bezuelt gëtt, d'Aarbecht Spaass mécht an dann och nach ëmmer sënnvoll ass. Déi mannsten Jobs sinn an där Hisiicht perfekt. 

Eng aner Etüd aus dem Joer 2013 vum Potsdamer-Roman-Herzog Institut beschreift, dass d'Aarbecht da glécklech mécht, wann och fir de Rescht am Liewen alles okay ass. A wann een do dernieft seng Virstellunge ka verwierklechen an eng héich Qualifikatioun gefuerdert gëtt. Dat setzt eng gutt Gesondheet an en intakt Familljeliewen viraus. Leeft et privat net gutt, dann hëlleft och déi bescht Aarbecht näischt. D'Liewen muss also am Gläichgewiicht sinn. Da fillt sech de Mënsch wuel an da mécht d'Aarbecht glécklech, heescht et. 

Grondsätzlech géif et och net schueden eng gewëssen Distanz zu senger Aarbecht ze hunn. Dozou zielt och, seng eegen Erwaardungen net ze héich ze stellen. Wien erwaart all Dag bis an den Himmel gelueft ze ginn, gëtt an de meeschten Jobs relativ séier onglécklech. Et soll een also säi Gléck net nëmmen vum Beruff ofhängeg maachen, mä dat op méi Sailen opbauen. D'Aarbecht bréngt Suen a mat deenen kann ee säi Liewen esou gestalten wéi ee wëll, dass ee glécklech ass, dat wier déi richteg Aart a Weis fir un déi Saach erunzegoen.