Mol éierlech: Jidderee gesäit dach direkt vill méi cool a méi attraktiv aus wann en e Sonnebrëll unhuet. Mee firwat ass dat esou? Wat hu getéinte Glieser an e Brëllegestell u sech, dass si an all Gesiicht eng unzéiend Silhouette zauberen, an een esou cool ausgesi loossen? D'Nicky Soisson kläert op.

28052020 Cool e Sonnebrell

Genee geholl huet de Sonnebrëll jo eigentlech en aneren Zweck. Seng Haaptaufgab ass et, d'Aen virun desagreabelem a schiedlechem Sonneliicht ze schützen. Deen optimale Brëll blockéiert dowéinst och ëmmer déi ultraviolett Stralen.

Awer natierlech gehéiere Sonnebrëller haut well laang zu den Accessoiren déi bei kengem feelen dierfen. 

Ëmmer erëm hu Wëssenschaftler ënnersicht, wat Mënschen attraktiv mécht an ob d'Schéinheet net awer vläicht am A vum Betruechter läit. An d'Resultat huet net op sech waarde gelooss: Nieft enger gesonder a glater Haut oder jonkem Ausgesinn ass et virun allem d'Symmetrie déi Mënsche méi schéi wierke léist. Well Brëller vu sech aus symmetresch an eben och markant sinn, zauberen se dëse Facteur direkt an däitlech an d'Gesiicht. Sonnebrëll op d'Nues a scho gesi mir besser aus!

Net grad all Gesiicht huet esou eppes wéi Charakter. Verschiddener sinn einfach nëmme ronn a glat. U charakteristesch Käpp erënnere mir eis awer besser, well se besonnesch sinn - an dowéinst och méi unzéiend. Deen donkele Sonnebrëll vergréissert net nëmmen optesch d'Aen, e gëtt och dem Gesiicht méi Kontur.

D'Ae sinn de Schlëssel zur Séil vun engem Mënsch, seet een. Wa mir eis an d'Ae kucken, da préiwe mir anengems ob mir eis vertraue kënnen oder eis sympathesch fannen. De Sonnebrëll léist eise Géigeniwwer do wuertwiertlech am Donkelen. Eis Aen, an domat och eist Wiesen, bleiwen e Mistere. An natierlech fanne mir dat am Ufank zimmlech spannend a charmant. Mir gi virwëtzeg a wëlle méi wëssen, och sexuell gesinn gi mir opmierksam op dës Persoun. An domat ass dann och deen deen de Brëll unhuet direkt vill méi interessant. 

Ma et gëtt och nach e gesellschaftlechen Aspekt: e Sonnebrëll droen ass eigentlech nach guer net esou al. Déi éischt Exemplaire goufen ëm 1920 verkaf. Deemools waren se awer reng funktionell: si sollte Schifuerer a Pilote virun der greller Sonneluucht schützen. Réischt wéi an de 1950er a 60er Joren d'Hollywood Staren ugefaangen hunn, d'Brëller unzedoen fir vun de Paparazzien net erkannt ze ginn oder hir Aen virun de Blëtzer vun de Fotographen ze schützen, hunn d'Sonnebrëller e Boom erlieft well si mat de Staren associéiert goufen a sinn zanterhier net méi ewech ze denken.

Sonnebrëller hunn iwwregens nach e weidere Virdeel, deen net ze ënnerschätzen ass: domat léisst sech en Hangover vun enger arroséierter Nuecht nawell zimmlech gutt verstoppen!