Am Europäesche Verglach wann et ëm den Co2 Verbrauch op de Kapp geet, ass Lëtzebuerg ganz vir mat dobäi. Déi Europäesch Emweltagence rechent mat 20 Tonne Co2 op de Kapp, déi all Lëtzebuerger géif verbrauchen, Stand 2017. Co2 gehéiert zu deene sougenannten Zäregasen an dréit dozou bäi, dass sech d'Klima op der Äerd erwiermt. Wat kann een als eenzele Mënsch maache fir manner Co2 am Alldag ze verbrauchen? D'Lea Schwartz mat e puer Tipps.

29052020 Wei kann ech selwer CO2 aspueren

Et geet scho Moies u wa mir opstinn. Den éischte Kaffi, d'Bounen aus Südamerika, eng al Maschinn, déi de Stroum frësst an duerno mam eegenen Auto bequem aus der Garage op d'Aarbecht. Do huet een nach éier een iwwerhaapt sou richteg waakreg ass, scho vill Co2 verbraucht.

Dat éischt, wou een am Alldag Co2 aspuere kann, ass eigentlech keng ganz nei Noriicht: De Bus, den Zuch oder de Vëlo fir op d'Aarbecht huelen, schount d'Ëmwelt. Och Fuergemeinschafte si besser wéi wa jiddereen eenzel mat sengem Auto op d'Aarbechtsplaz fiert. Da kann een eng Kéier op der Aarbecht ukomm, dorop oppassen net ëmmer alles auszeprinten a wann et dann awer eng Kéier muss sinn, recycléierte Pabeier huelen. Bei der Produktioun vun deem gëtt nämlech manner Co2 verbraucht wéi bei neiem Pabeier. Dat selwecht gëllt fir Bicher, oder et gräift een direkt op een E-Book zréck. Vun 30 Bicher un iwwer 3 Joer lount sech dat ëmwelttechnesch schonn.

Um Teller kann ee méi dacks déieresch Produiten ewechloossen, dofir méi Geméis an Uebst aus der Regioun iessen. Domadder spuert een och laang Transportweeër a vill Zäregasen.

Alles wat mir hunn, alles war mir besëtzen, huet an der Hierstellung Co2 an natierlech och aner Ressource verbraucht. Bei Kleeder wär et do zum Beispill besser Kotteng amplaz vu Polyester ze kafen. Oder awer et gräift een op Second-Hand Produiten zeréck. Do lount sech aus Co2 technescher Sicht ganz dacks en zweete Bléck. Bei elektreschen Apparater ass et méi komplizéiert. Engersäits verbrauchen nei Modeller dank moderner Technik dacks manner Stroum, sinn also op laang Dauer de bessere Choix. Mee och an där Produktioun gi vill Ressource verbraucht. Et ass eng Balance tëscht nei kafen oder déi al Saachen hale bis se vum selwen ausgedéngt hunn, wann ee si souwisou schonn huet.

De Konsum a virun allem deen Iwwerdriwwene schued zwar dacks der Ëmwelt, ass awer och de Motor, deen eis modern Welt um Lafen hält. Wéi et ass wann de Konsum stoppt, si mir an de lescht Woche gewuer ginn. Dofir ass et an der Praxis net ëmmer ganz einfach dee Choix ze maachen, deen am ëmweltfrëndlechsten ass. Am reelle Liewen ass dat vill méi komplex an et si vill Variabelen, déi do matspillen. Wann een sech deem awer bewosst ass, dass ee mat deem een oder anere vill Co2 verbraucht, kann een dofir awer vläicht bei anere Saachen dorop verzichten an dat Ganzt ausgläichen.

Mëttlerweil ginn et awer och Entreprisen, déi mat enger Aart Kompensatioun schaffen. D'Iddi dohannert ass wann ee weess, dass ee vill Co2 verbraucht huet, dass een dat da kompenséiert, dëst andeems ee Projeten ënnerstëtzt, déi Co2 reduzéieren. Sief et Beem planzen, oder d'Modernisatioun a méi aarme Länner fërderen, déi dann manner Co2 produzéieren. Wann et engem net geléngt den eegenen ökologesche Foussofdrock kleng ze halen, kann een déi ënnerstëtzen déi et maachen.