Sidd dir heteroflexibel, pansexuell oder awer vläicht éischter e bëssi sapio? Et ass nawell guer net sou einfach, bei all deene Begrëffer fir sexuell Virléiften nach den Duerchbléck ze halen. Ma wat hannert dem Term "sapiosexuell" stécht, dat verréit d'Nicky Soisson iech elo direkt.

02062020 Wat ass Sapiosexualiteit

Sapiosexuell ze sinn, bedeit näischt aneres wéi Intelligenz sexy ze fannen. Sapio staamt vun deem laténgesche Wuert "sapere" of wat sou vill heescht wéi "weise sinn". 
Am Kloertext: wie sapiosexuell ass, fir deen ass d'Intelligenz dat attraktiivst un engem Mënsch. Oder anescht ausgedréckt: net dee muskuléisen Uewerkierper oder de Kickes si fir dës Leit dat wat gëllt, mee dat wat mir am Kapp hunn. 

D'Verbindung tëschent Intellekt an Erotik huet schonn ëmmer bestanen; de Platon huet well am Joer 380 v. Chr. dovunner geschwat. Ma nach ni war Sapiosexualitéit esou populär wéi hautdesdaags. Aus dësem Grond gouf well probéiert, déi wëssenschaftlech Communautéit dozou ze bréngen, de Begrëff unzëerkennen.

Mee kënne mir eis wierklech eleng duerch Gespréicher sexuell zu engem higezu fillen? An enger Etüd vun der University of Western Australia koume Fuerscher zum Schluss, dass ronn 8 Prozent vun de Leit tëscht 18 a 35 Joer sapiosexuell sinn. Ma bei den 30 bis 45 Joer jonke Leit trëtt Sapiosexualitéit ëmmer méi dacks op Dating-Websäite wéi OkCupid op. Ongeféier 0,5 Prozent vun de Notzer vun dëser Datingplattform solle sech der "New York Times" no als sapiosexuell bezeechnen, dorënner iwwregens méi Frae wéi Männer. Et ass och genee dës Plattform, déi dat Wuert bekannt gemaach huet. 

De Gilles Gignac, den Haaptauteur vun der Etüd koum zur Konklusioun, dass Intelligenz fir verschidde Leit eng Roll bei der sexueller Unzéiung spillt. Intelligent Männer a Fraen si spannend, well se een iwwer déi konventionell an alldeeglech Iwwerflächlechkeet erausféieren. Ëmsou méi well mir dozou tendéieren, Intelligenz mat Respekt, gudden Decisiounen a Verständnis ze verbannen. 

Vill heterosexuell, homosexuell a bisexuell Mënschen identifizéiere sech als sapiosexuell. Si fannen den Intellekt sexuell attraktiv a gleewen net, dass d'Ausgesinn besonnesch relevant ass.  

Sapiosexualitéit huet awer näischt mat sexueller Orientéierung ze dinn. Et handelt sech villméi ëm eng Identitéit. 

Sapiosexuell Persoune behaapten allerdéngs net, blann fir Schéinheet ze sinn a refuséieren dës och net. Si argumentéieren allerdéngs, dass si net déi selwecht Opreegung a Faszinatioun ausléist wéi d'Intelligenz déi si einfach méi excitéiert.