Schokla ass mäin Uebst. Sou soen der vill, déi sech hire Schokla-Konsum schéi schwätze wëllen. Ma Schokla ass net gläich Schokla. E puer Produite goufen getest. Se gi vun der Note gutt bis akzeptabel.

29/05/2020 De beschte Schokla

25 Zorte waren um Préifstand vun der Stiftung Warentest. 24 Stéck dovun goufen als gutt bewäert. Nëmmen eng Zort gouf als akzeptabel agestuuft.
Getest goufen Eegenschafte vu Goût, Optik, Verpackung, wéi se agepaakt waren a wéi Zutaten opgelëscht waren. Och op den Ënnerscheed vu Mëllech a Vollmëllech gouf grousse Wäert geluecht.
Gewonnen huet d'Mark "Die gute Schokolade". De Produit iwwerzeegt duerch cremege Geschmaach. E schmëlzt séier, e richt staark no Vanill an en ass gutt verpaakt.
Och de Präis huet Tester iwwerzeegt. 1 Euro pro 100 Gramm reit d Schockela an d'gënschtegt Präis-Segment an. Dernieft ass et e Fairtrade-Produit vu Plant For The Planet.
Plazen 2 bis 4 ginn un Marke wéi Marabou, Merci a Milka. Um Enn ass den deierste Produit dee ganz um Schluss steet.
De Mëllesch-Schockela vu Godiva. E kascht bal 7 Euro pro 100 Gramm.
De Grond fir déi Datz ass, dass Ingredienten net richteg gekennzeechent sinn. Dernieft ass ze vill Néckel dran. Et muss een awer elo keng Angscht hunn dovunner krank ze ginn.
Wien et souwisou net esou mat Schockela aus Mëllech huet, dee kann op schwaarze Schockela zeréck gräifen. Dëse soll souguer bei sportlechen Aktivitéiten ënnerstëtzen. Bei Ausdauertraining soll Leeschtung sech verbesseren.
De donkele Schockela suergt nämlech dofir dass de Kierper méi Sauerstoff ophuele kann. Ëm 6% méi Sauerstoff kann de Kierper ophuelen. Dat huet an enger Etüd vun der Kingston University zu London erausfonnt. Si hunn 2 Gruppen u Cycliste Schockela ginn. Déi eng kruten es, déi aner net. No 2 Woche war d'Resultat, dass déi mam Schokla am Zäitfuere besser ronnenzäite gefuer sinn, wéi déi, déi kee Schockela giess hunn.
De Kakao-Konsum huet deemno e positiven Afloss op Sportler. De Steckstoffmonoxid am Kierper erhéicht sech. Et geschitt en änlechen Effekt wéi beim Konsum vu roude Rommelen.