Den 19te Mee koum d'Nouvelle, dass de Francis Kirps de European Union Prize for Literature fir Lëtzebuerg gewonnen huet, a gëschter konnt en da souzesoen den Doublé maachen: De Servais Präis 2020 ass och fir de Francis Kirps, dat fir säi Wierk "Die Mutationen". D'Bea Kneip huet sech mam Laureat ënnerhalen.   

03/06/2020 De Serväis-Präis fir "Die Mutationen" vum Francis Kirps

2 wichteg Literaturpräisser am selwechte Joer, an dat nawell absolut verdingt: dem Francis Kirps ass mat senge Mutationen en Erzielband gegléckt deen et a sech huet. Dat net nëmme wéinst deene sëlleche literaresche Referenzen, well och déi wëlle richteg agesat ginn. Genee dat ass dem Auteur gelongen. Texter vum Kurt Tucholsky, Franz Kafka, Virginia Woolf oder Marie von Ebner-Eschenbach huet hien op de Leescht geholl, eng Kéier gutt duerchgerëselt an nei erfonnt, souzesoen mutéiere gelooss. A wann de Francis Kirps aus enger Méck e Mënsch mécht, da kann een net sécher sinn, ob dat Déierchen sech elo weider-oder zeréck entwéckelt huet.

A sénger Begrënnung schreift de Jury ronderëm d'Präsidentin Jeanne Glesener dat heiten: "vielschichtige Geschichten von großer Originalität, die gleichzeitig eine intelligente und humorvolle Interpretation der Ursprungstexte sind. Durch die Multiplikation von Stimmen und Perspektiven – nicht zuletzt aus der Sicht von Tieren – werden Herrschaftsstrukturen und Ausbeutung in Gesellschaft, Medien, Erziehung und Sprache thematisiert. Die zuweilen ironische Distanz des Autors, sein unkonventioneller Erzählstil und die Tiefe seiner Figuren entführen den Leser in verfremdete Welten, die üblichen Erwartungshaltungen trotzen."

D'Nouvelle vum Servais-Präis huet de Francis Kirps bei engem Béier op enger Stater Terrasse erreecht, deem éischten nom Confinement. Dat gouf da villäicht och direkt mat engem zweete Béier gefeiert, well de Servais Präis ass net nëmme mat 6000€ dotéiert, mä och ganz wichteg fir en Auteur:

Francis Kirps: Wat dat hei elo bedeit, ass dass de am Fong méi Visibilitéit fir dat Buch kriss, dofir sinn esou Präisser jo do. Dat hei ass elo esou, dass wahrscheinlech verschidde leit mäin Numm nach ni héieren hunn, déi elo op eemol op dat Buch opmierksam ginn a villäicht souguer op déi 2 Bicher déi ech virdrun gemaach hunn. Dat ass am Fong dat Flott un der Saach, an och dat Positivt, dass et elo virugeet. Grad elo wou mer aus dem Confinement erauskommen, wou mer jo wierklech 3 Méint Promosaarbecht, Optrëtter, verluer hunn fir dat Buch. Wéi jidfereen aneren och. 

Wann e Buch bis am Buttek läit, ass et domat fir den Auteur nämlech nach laang net gedoen. Buchpromo, also Liesungen an Interviewen  si wichteg fir dass potentiell Lieser och drop opmierksam ginn.

Francis Kirps: Mir haten e bëssi de Momentum verluer. et ware gutt Kritiken, et huet sech och relativ gutt verkaf. Mä soss elo wier de Summer komm, dat wier et elo villäicht e bëssi gewiescht. dann hätt ee missten am Hierscht probéieren ze relancéieren. Ech hat e weidert Buch geplangt bei engem däitschen Editeur fir Hierscht/Wanter dëst Joer, dat ass op d'mannst ëm ee Joer geréckelt ginn, och wéinst der Situatioun a well de Verlagen an Däitschland och alles ëm d'Ouere geflunn ass. Ech duecht duerno, et ass grad esou gutt, da kann ech elo nach dru schaffen an et kënnt elo net mat dem heite Buch sech iergendwéi an d'Gehege. 
Et ass eng Kuerzgeschichte-Sammlung vun Texter déi schonn deelweis do waren, mä 2 hunn ech erausgeholl fir an d'Mutatiounen. Dat waren "Die Mutation" an "Oma Rotkäppchen", an déi hu schonn e Lach hannerlooss. Ech gesinn de Moment, dat geet nach net duer, do muss nach e Konzept kommen. An nach eppes aneschtes, wa méiglech. Ech hat jo "Planet Luxemburg", dat war esou eng Kollektioun vu lesebühne a Poetry Slam texter. Ech wëll net nach eng Kéier esou eppes maachen. Eischter méi laang Kuerzgeschichten. Mä bon, dat ass fir d'nächst Joer. 

Fir dëst Joer ass et elo emol de Servais Präis, och wann nach net gewosst ass wéini en offiziell iwwerreecht gëtt. Mäin Tipp: gitt Iech d'Buch onbedéngt sichen, "Die Mutationen" ass Lëtzebuerger Literatur vum Feinsten.    

"Die Mutationen" mam Ënnertitel "7 Geschichten und ein Gedicht" vum Francis Kirps ass bei Hydre éditions erauskomm.