Haut ass den Dag wou de Mënsch eng éischte Kéier op de Mount Everest geklommen ass. Et war den Edmund Hillary mat sengem Sherpa, dem Tenzing Norgay.

29/05/2020 Op Den Dag: Eng éischte kéier op de Mount Everst

De Bierg deen nom George Everest benannt ass 8848 Meter héich. En zielt zu de 14 Bierger iwwer 8000 Meter an zu de Seven Summits. Den George Everest huet en am Joer 1856 vermooss.
Den 29. Mee 1953 huet den Edmund Hillary decidéiert de Bierg ze bezwéngen.
Hien sollt awer net den éischte sinn, deen dat probéiert. Schonn an den 1820er Joren hunn éischt Alpinisten hiert Gléck probéiert. Ouni Succès.
Et sollt déi 9. britesch Expeditioun, ënnert der Leedung vum John Hunt sinn, déi probéiert op de Sommet vum Bierg ze kommen. Mat 2 Ekippen huet e probéiert op de Bierg ze kommen. Déi eng sollt dat ganz séier maachen. Déi aner, bei engem Echec d'Lager méi héich erop verleeën. Et sollt eng Garantie fir en Erfolleg ginn.

An der éischter Ekipp waren den Tom Bourdillon an den Charles Evans. De 26. Mee hate si den Südleche Sommet erreecht. Si hunn hei awer missen opginn well hir Sauerstoffsystemer versot hunn. Se ware veräist. Dat huet esouvill Zäit kascht, dass et net méi méiglech war nach sécher kënnen erof ze kommen.

Déi 2. Ekipp huet en traditionellt Sauerstoffsystem benotzt. No 2 Deeg huet den Edmund Hillaey a seng Sherpaen et fäerdeg bruecht de Camp méi héich erop ze verleeën an zwar op enger Héicht vun 8510 Meter.

Op engem 29. Mee géint hallwer 7 Mueres hu se sech op de Wee gemaach. Géint 10 Auer komme se bei eng Spléck déi zanterhier de Numm Hillary Step huet. Et de leschten Obstacle virum Sommet.  Um hallwer 12 Mëttes sti se op der Spëtz vum Mount Everest. D'Noriicht ass den 2. Juni zu London ukomm. Et war den Dag op deem Queen Elisabeth déi II gekréint gouf. De 16. Juli krut den Hillary de Order Of British Empire.
Den Edmund Hillary ass op engem 11. Januar 2006 un engem Häerzinfarkt gestuerwen