Auto- a Schlappekino.

Datt zu Mamer Autokino gemaach gëtt, misst d'Ronn gemaach hunn. Den Owend ass et um éischte Lëtzebuerger Film deen et op Netflix gepackt huet; Sawah.

Um 21:00 fänkt den Autokino zu Mamer un. Eriwwer op Iechternach op de Séi. Do ass vun haut un och en Autokino; de Ciné Sura Drive In Cinema ze fannen um E-Lake-Parking. Deen éischte Film dee gewise gëtt, huet vill Knupp a vill Bumm ze bidden; Bad Boys 3.

Den 3. Deel Bad Boys, alt erëm mam Will Smith a Martin Lawrence, leeft op däitsch, um 20:00 geet et lass.

A mat Lincoln Rhyme: Der Knochenjäger start den Owend um 20:15 eng nei Serie op Sat 1.