Se war laang fort d'Sonn. Elo wou se eis glécklech mécht profitéiert jiddereen vun hier. Gezei gëtt méi kuerz an d'Laun prinzipiell besser. Mam Sonnebrëll kuckt een och mol an d'Sonn. Wa se déif um Himmel steet, do hält dann awer fir vill Leit de Spaass op. Et muss een néitsen. Wisou eigentlech?

02/06/2020 Néitsen duerch d'Sonn

Et ass agreabel wann d'Sonn vum Himmel schéngt. Am beschten ass et wann Temperaturen net ze héich sinn. Fir vill Leit ass déi optimal Temperatur eng, déi tëscht 25 an 30 Grad läit. Et muss ee jo net direkt futti vun Hëtzt goen.
Déi ganz haart leeën sech och alt emol gären an d'prall Sonn. Natierlech soll een dobäi déi néideg Protektioun net vergiessen. Soss gëtt et séier e Sonnebrand.
Fir déi déi et schonn erlieft hunn oder bei deenen et reegelméisseg de Fall ass ass et net esou flott. Et kuckt een an d'Sonn an ob eemol muss een néitsen. Eemol, zweemol oder villäicht souguer dräimol.
Et dauert esou laang bis d'Aen sech un d'Hellegkeet gewinnt hunn. Wann dir selwer déi Situatioun kennt, dann zielt der zu de 25 Prozent vun de Mënschen déi eben néitse musse wa se an d'Sonn kucken. Déi aner 75 % ameséieren sech just doriwwer.
Firwat dat elo esou ass, weess een net genee. Fuerscher ginn awer dovun aus, dass elektresch Virgäng dofir responsabel sinn. Well et esou hell ass, gëtt den Nerv am A staark gereizt. Dësen Nerv huet en Zesummenhang mam Nerv dee mécht dass mer néitse mussen. Se leien no beieneen. An Etüde mat Famillen ass souguer erausfonnt ginn, dass dat weider verierft ka ginn.
Et ass elo keng Krankheet wann een duerch d'Sonn néitse muss, et kann awer a bestëmmte Situatioune geféierlech ginn. Beim Autofueren z.B. Wann een aus engem däischteren Tunnel an d'Sonn fiert.
Denk och drun d'Néitsen net ze ënnerdrécken. Wien et probéiert zeréck ze halen deem kënnen d'Ae platzen. Gutt dass dass keen et fäerdeg bréngt mat den Aen op ze néitsen.
Dir kënnt et jo gäre probéieren.