Elektronesch Danzmusek oder e Concert.

Um Parking vum Messepark zu Tréier ass den Owend ënner Ëmstänn eng méi lass. Ënnert dem Numm Carpitol Kino & Kultur in den Moselauen ginn an der nächster Zäit eng helle Wull Evenementer organiséiert. Den Owend kann ee mat sengem Auto e Concert kucke goen, richteg héieren, e Concert. Sou wéi am Autokino stellt ee sech op seng zougewise Plaz an amplaz e Film ze kucken, kritt ee vun 20:00 un d'257ers, Live, ugebueden. Kléngt no Spaass.

Wien op Nummer Sécher goe wëll a léiwer doheem feiert, ass da beim Urban Office Luxembourg den Owend op der richteger Adress. Si organiséieren hire 4. Livestream vun den Owend 19:00 un. Dës Kéier kommt dir an de Genoss vu Beats vun den DJen Tony Panza, Sav a Packo Gualandris.