Ëmmer méi Leit geroden am modernen an hekteschen Alldag ënner Leeschtungsdrock: Stress an der Famill oder op der Aarbechtsplaz, iwwerfëllte Kalenneren oder Upassungsproblemer un nei berufflech Erausfuerderungen: D'Ausléiser fir Stress  sinn ennerschiddlech. Ma Dauerstress hannerléisst Spueren am ganze Kierper, Nicky Soisson.

26052020 Wei sech Stress op eise Kierper auswierkt

Stress ass – evolutiv gesinn – e ganz ale Mechanismus, deen och haut nach wierkt a bei kuerzfristeger Belaaschtung aktivéiert oder souguer iwwerliewenswichteg ka sinn. Soubal eng stresseg Situatioun antrëtt, leeschten eise Kierper an eise Geescht en Turbostart. Eise ganze Kierper gëtt an eng erhéichten Alarm- an Handlungsbereetschaft versat, wat sech ënnert anerem op d'Muskelen, d'Ootmung an de Kreeslaf auswierkt. Ma och d'Veraarbechtung vun Informatiounen am Gehir verännert sech.

Permanente Stress huet effektiv en Afloss op eist Gehir. Als éischt hëlt eist Denk- an Erënnerungsverméigen zou, dat d'Gefill vu Péng reduzéiert. Eis Kapazitéit fir d'Léieren an d'Erënneren gëtt aktivéiert. Wa mir dono awer net kënnen entspanen a mir am Dauerstress bleiwen, da féiert dat dozou dass eis Leeschtungsfäegkeet an eis Kapazitéit ze denken noléisst a schlëmmstefalls och zu Depressiounen féiert.

Bei Angscht a Stress spanen och d'Muskele sech un. Op Dauer kënne se sech verkrampfen, wat nawell Péng an der Nuque an am Réck ausléist. An do ass de Kappwéi da scho quasi virprogramméiert. 

Do donieft klëmmt de Bluttdrock sou wéi och d'Häerzfrequenz. Bei Dauerstress féiert dëst dann zu Häerz-Kreeslafkrankheeten.

D'Duerchbluddung vun de Verdauungsorganer gëtt op e Minimum reduzéiert. De Kierper setzt e richtege Cocktail un Hormoner fräi, eisen Organismus fänkt u verstäerkt Energie a Form vun Zocker a Fett ze produzéiere fir kuerzfristeg méi leeschtungsfäeg ze sinn. Dat erkläert dann och de groussen Honger op séisst a fettegt Iessen. Stress mécht also och nach déck.

D'Bauchspeicheldrüs produzéiert verstäerkt Insulin fir den Zocker an d'Zellen ze transportéieren. Dat ka bei Dauerstress séier zu Diabetis féieren. 

Bei akutem Stress zitt sech de Mo zesummen. Wann de Stress dann och nach iwwert eng länger Zäit unhält, gëtt d'Schläimhaut am Daarm méi duerchlässeg an doduerch kënne Keime méi liicht andréngen an Entzündunge maachen.

Ma och eis Ouere bleiwen net vun de Konsequenze vun Dauerstress verschount! Well ënnert permanenter Belaaschtung Deeler vun eisem Immunsystem erofgefuer ginn, kënnen Erreeger méi liicht an d'Mëttelouer andréngen. An doduerch entsteet dann dat typescht Gepäifs vum Tinnitus.

Wat och vill Leit net wëssen, ass dass déi permanent Uspanung och den Drock an den Aen erhéije kann. Doduerch gëtt den Nerv fir d'Kucke manner gutt duerchblutt a beschiedegt. Bei dëser Krankheet, déi och als Grénge Star bekannt ass, schrumpft eist Siichtfeld ëmmer méi - bis dass ee schlussendlech komplett blann gëtt.