Vläicht hutt Dir d'Geschicht vum Jyoti Kumari schonn s héieren? Dat 15 Joer jonkt Meedchen, dat eng 1.200 Kilometer mam Vëlo gefuer ass, mat hirem Papp hannen um Gepäckdréier. An dat war kee Vëlo mat alle Schikanen, Marie Gales!

27052020 Inderin vum Vëlo

Dem Jyoti hire But war et och net fir duerch hir Aktioun weltberüümt ze ginn. Si an hire Papp waren duerch d'Coronakris an der indescher Metropol Dehli blockéiert an konnten net an hiert Heemechtsduerf Sirhulli am indesche Bundesstaat Bihar zréck. Do hu se alt hiert Bescht gemaach fir do ënnert de strikte Corona-Reegelen an ouni Aarbecht ze iwwerliewen.

Et ass kee Bus an Zuch gefuer an ze Fouss war och keng Léisung, well dem Jyoti hire Papp duerch en Accident blesséiert war. An der Stad Gurugram an der Géigend vun Dehli hat hien als Chauffeur vun enger Autorikscha geschafft an hat du seng Duechter bei sech geruff wéi en net méi goe a schaffe konnt.

D'Jyoti war schonn s virun e puer Méint vun der Schoul ofgaange fir bei hire Papp ze fueren an him ze hëllefen, ma do koum Corona an alles gouf nach méi uerg. Hire Papp konnt och kee Loyer méi bezuelen a wéi de Proprietär du gedréit hat si 2 eraus ze geheien, hat d'Jyoti hir lescht Rupien zesumme gesicht an e Vëlo fir ëmgerechent 16 Euro kaaft. Heem sollt et goe bei Frënn a Famill.

Bei 30-40 Grad am Schied huet dat jonkt Meedche an d'Pedall gedréckt. Och wann hire Papp skeptesch war, ass him näischt iwwreg bliwwe fir sech op de Gepäckdréier ze setzen a seng kleng Posch festzehalen.

Nuets hu si op Bensinnsstatioune geschlof an hu alt vu frieme Mënschen eppes ze iesse kritt an en Handy geléint fir dass se hirer Famill konnte Bescheed ze ginn wou se dru waren. Skeptesch Blécker sinn hinnen 2 och net entgaangen, ma dat jonkt Meedche huet sech net beschwätze gelooss. Si hat hirer Mamm versprach hire Papp heem ze bréngen.

100 Kilometer den Dag si si gefuer an nëmme ganz rar hate si Gléck an e Camion oder Trakter huet déi 2 matgeholl. No 10 Deeg waren se dunn doheem. An zanterhier ass d'Jyoti beschäftegt fir Interviewe ze ginn. ''Lion heart'' gëtt déi jonk Fra an de Medie genannt an op der Welt goufe se opmierksam op hire Courage. Souguer d'Ivanka Trump huet op Twitter vun enger Inspiratioun fir vill Inder geschwat. Dat wier alles schéin a gutt, et ass awer och an de soziale Medien ze liesen, dass de Fall Jyoti op kee Fall romantiséiert dierft ginn. Dëst géif weisen, dass et Zäit géif ginn Indien a seng Verantwortung ze zéie firwat si Milliounen Aarbechter sech selwer iwwerloossen amplaz hinne finanziell Hëllef ze sécheren.

Ma fir d'Jyoti gesäit et zur Zäit mol gutt aus; si krut eng Offer fir mam indesche Vëlo-Nationalteam ze trainéieren. E Minister wëll si zur Gesondheetsambassadrice maachen, mä am allermeeschte freet sech dat jonkt Meedchen, dass si elo an vum Staat an d'Schoul ageschriwwe gouf. Hiert nächst Zil, nodeems si hire Papp heem bruecht huet, endlech nees léieren an d'Prüfungen an der Schoul alleguer paken.