Wéi soll dee Weltraumschrott manner ginn? Andeems nei Techniken entwéckelt ginn fir e lass ze ginn an de Portmonni muss an de Grapp geholl ginn.

02/06/2020 Dreck am Weltall

Net nëmmen hei ënnen op der Äerd mécht de Mënsch vill Dreck. Esouguer de Weltraum bleift net verschount.

5.000 aktiv an inaktiv Satellitten kreesen am Orbit an et gëtt esou lues enk do uewen, well do sinn déi vum Starlink-Projet vu Space-X emol nach net mat agerechent. E puer 100 dovunner sinn der schonn ënnerwee, iwwer 10.000 autoriséiert an 30.000 geplangt. Op internationalem Plang ginn et zwar schonn Ofkommessen fir den Dreck am Weltall ze vermeiden, Fuerscher vum Middlebury College vu Vermont sinn awer der Meenung, dass een dat muss anescht ugoen. D'Satellitte-Bedreiwer droen nämlech net Käschten déi bei aneren entstinn wann de Kollisiounsrisiko an d'Luucht geet.  De Problem ass ähnlech ewéi dee beim Klimaschutz, wou d'Allgemengheet de Schued muss matdroen. D'Wëssenschaftler fuerderen dass all Joer,  an deem de Satellitt do uewe bleift, eng gewëssen Zomm Sue muss bezuelt ginn,

© Pixabay

Mat engem einfach Modell gouf d'Situatioun simuléiert. Ideal wiere Fraisen, déi bei 15.000 Dollar pro Joer a pro Satellit ufänken, a bis 2040 op ronn 235'000 Dollar an d'Luucht ginn. Doduercher géife manner Satellitten erop geschéckt ginn an der och manner do gelooss ginn. Eng International Eenegung gëtt et nach net, dofir wier et wichteg dass virun allem d'Bedreiwer vu grousse Konstellatiounen d'Richtlinnen unerkennen. Där ginn et wéi gesot schonn: De Comité fir Weltraumschrott vun de groussen Entreprisen fir Raumfaart schreift zum Beispill vir, dass Satellitten maximal 25 Joer nom Enn vun hirer Missioun dierfen do uewe bleiwen. Mä dat ass net fir jiddereen obligatoresch.

A Saachen Opraumaarbechten ginn awer och technesch Fortschrëtter gemaach: Ugangs des Joers gouf de Satellitt "Intelsat 901" erëm op eng geostationär Ëmlafbunn geschéckt. An 2025 soll den Esa-Projet "ClearSpace-1" éischt Objeten vu méi niddrege Bunnen erof huelen. E gréissere Marché fir esou Opraumaarbechten gëtt et awer nach net. Mä wann d'Detailer net gekläert ginn, gëtt et an de nächste Joren a Jorzéngten bestëmmt nach vill am Weltall ze dinn...