D'Verdecke vum Gesicht war fréier wuel éischter bei Bankraiber en vogue, ass awer elo Flicht fir jiddereen. Op d'mannst am ëffentleche Raum wéi zum Beispill am Supermarché muss een eng Mask oder eppes Änleches unhunn. Do huet wuel jiddereen seng eege Manéier fir mat der physescher Barrière virum Mond iergendwéi s eens ze ginn. Wie scho virdru genuschelt huet, huet spéitstens duerch d'Mask déi perfekten Ausriet. Wéi eng aner Kategorien et ënnert de neie Maskendréier esou gëtt, huet d'Lea Schwartz eng Kéier méi genee ënnert d'Lupp geholl.

02062020 Dei verschidde Maskentypen

Si hänken, si rutschen a sinn iwwerall, do wou si net sollte sinn. Bei der éischter Kategorie ass dat awer keen Zoufall. "De Fuddeler", deen deet d'Mask zwar un wëll et Flicht ass. Ma sou richteg iwwerzeegt ass een net, a probéiert wou et just geet, d'Grenze vun der Legalitéit auszetesten. De Fuddeler erkennt ee ganz dacks un enger Nues, déi wéi ee klenge Schnorchel fir ze ootme raushänkt. Dat mécht d'Ootmen zwar méi einfach, verfeelt dann awer och den Zweck vun der Mask.

Ok, ass ee fair, muss een och soen, dass dat net ëmmer express ass. Heiansdo wëll déi Mask dann och einfach net do bleiwe wou se soll. Wat eis och scho bei déi nächst Kategorie bréngt. "Den Net-Konformen". Op deen einfach ëmmer eng schlecht Zort Mask geréit oder eng komesch Kappform huet. Et weess een net u wat et läit, mee egal wéi vill deen sech plot, se hin an hier dréckt, si rutscht ëmmer vun engem Extrem an dat anert. Da war si grad nach an d'Aen gerutscht an hänkt ee Moment méi spéit da schonn nees ënnert der Nues.

Fir déi meescht Léit virun allem fir d'Brëllenbesëtzer ënnert eis, huet sech d'Mask als relativ onangeneem am Alldag erausgestallt. "Déi Genervten". Si wëllen d'Mask just esou kuerz wéi et nëmme geet ubehalen. Just raus aus dem Supermarché, gëtt d'Mask vum Gesiicht gerappt, an déi frësch Loft wéi kuerz virum Erdrénken op d'Long gezunn. Just blöd, wann dat an der Déifgarage vum Supermarché ass, direkt nieft dem lafende Motor.

Net jidderee schéngt sech awer esou vill un der Mask ze stéieren. Et gëtt och nach den aneren Extrem. Déi "Iwwervirsiichteg". Déi bleift dann och un wann een eleng am Auto sëtzt. D'Mask gëtt da réischt hannert verrigelter Dier an den séchere véier Wänn nees ofgedoen. Oder wie weess , vläicht net. Eventuell ass si jo einfach och just schonn ugewuess.

Da ginn et nach déi, déi zu all Moment bereet sinn an d'Mask ëmmer lässeg prett fir de nächsten Asaz hunn. Entweder ganz cool ëm den Hals oder ëm en Ouer hänken. Och am Auto gehéiert eng Mask ëm de Réckspigel scho bal zum gudden Toun dobäi. Grëffbereet an extrem dekorativ. Wie brauch do schonn nach e Rousekranz? Ob ee mëttlerweil an der Kontrollstatioun eigentlech schonn ee Lach kritt, wann déi feelt?

Eng Mask ass och net direkt eng Mask. Do ginn et verschidden Approchen, déi eng doe brav déi zur Verfügung gestallte Masken un. Da ginn et nach déi selwer gebitzten an alle Musteren a Faarwen. Vläicht gëtt dat jo e neien Trend. Mol kucke wéi déi grouss Defilé vun der Welt an Zukunft eng moudesch Mask an Zeen ze sëtze wëssen. Mat enger klenger schwaarzer Mask ass ee jo ëmmer gutt ugedoen. Oder wéi war nach méi dat Spréchwuert vum Här Lagerfeld? Do kann esou eng Mask och schonn e klenge Statement sinn.

An da ginn et nach déi, déi iwwerhaapt keng Mask unhunn. D'"Rebellen" droe léiwer Buff oder Schal. Egal wéi waarm et ënnert dem décke Stoff ass. Haaptsaach keng Mask.

Da gëtt et nach déi, deenen et komplett egal ass, d'Mask hänkt bei der Däiwel, och Ofstand ass net esou een Thema bei där Kategorie. Ob dat elo pueren Egoismus ass, oder einfach mat de Gedanken an enger anerer Welt, ass do nach d'Fro.