Den Aktiounskënschtler Christo ass gëschter, den 31. Mee zu New York gestuerwen, dëst 13 Deeg viru sengem 85. Gebuertsdag. Mat monumentalen Installatiounen hat hien d'Welt a Staune versat. Säi nächste Projet: den Arc de Triomphe zu Paräis anzepaken.

01/06/2020 Doud vum Christo

Säi Büro huet matgedeelt dëst wéi geplangt am September bis Oktober ze realiséieren. De Centre Pompidou wëll och eng Ausstellung iwwert d'Paräiser Zäit vun der Kënschtlerkoppel Christo a Jeanne-Claude weisen, déi sech schonn s 1985 an der franséischer Haaptstad en Numm gemaach hate wéi se de Pont Neuf mat Stoff agekleet haten.

Si 2 kennt een eben duerch hir Konscht grouss Objeten anzepaken. Op ganz Gebaier aus Industrie oder bekannte Bauwierker hate si sech konzentréiert; de meeschten dierft d'Apake vum Berliner Reichstagsgebai 1995 an Erënnerung sinn.

De Christo gouf a Bulgarie gebuer. Als klengt Kand hat hien éischten Zeechen- a Molstonne kritt a säi kënschtlerescht Talent koum fréi zum Virschäin. D'Jeanne-Claude gouf a Marokko gebuer an hat sech bei der Air France zur Stewardess ausbilde gelooss.

Hire 1. gemeinsame Projet war d'Rue Visconti, eng Niewestrooss zu der Rue de Seine zu Paräis mat Uelegfässer ze verspären. Ouni Autorisatioun hate si 1962 déi 204 Fässer higestallt a waren dunn bei der Police gelant. Fir hir Projeten ze realiséieren, hunn déi béid alt Joerzéngte misste waarden fir se autoriséiert ze kréien.
Wichteg war et fir si 2 onofhängeg ze schaffen. Si hu keng Opträg ugeholl an wollten och ni Geld als Ënnerstëtzung. Iergendwéi krute si et ëmmer ronn hir Projete selwer ze finanzéieren, mat Verkaf vun Zeechnungen a Pläng vun neie Projeten.

An déi hu kascht, wéi deen zu New York am Central Park. 21 Milliounen Dollar hunn déi 7.503 Metallen Diere kascht, déi mat gielem Stoff behaange waren. Dofir goufen 100.000 m² Stoff gebraucht a vill Leit, déi matgehollef hunn. Ma Millioune Mënschen sinn hir eenzegaarteg Expositiounen dann och kucke gaangen, wéi och d'Floating Piers 2016 am italieneschen Iseo-Séi mat 3 Kilometer laangen a 16 Meter breeden Weeër um Séi mat Stoff iwwerzunn.

Eng déif Bedeitung hat de Christo a sengen Aarbechten net gesinn. 2014 sot hie wéi hie dat gefrot gouf: Total irrational an ouni Sënn.

Den 13. Juni 1935 koum hien an och seng Fra Jeanne-Claude op d'Welt. 2009 war si gestuerwen an elo gëschter ass de Christo fir ëmmer vun eis gaangen.