Mol geet se séier ëm, mol kënnt engem Stonn fir wéi en hallwen Dag. Wisou spiere mer d'Zäit ënnerschiddlech?

03/06/2020 Zäitgefill

Zäitgefill huet domat ze dinn op mer eis grad langweilen oder vill ze dinn hunn. Ech ka mech erënneren dass 2 Stonne Mathe an der Schoul sech fir mech dacks wéi e Lastik gezunn hunn. No enger gefillter Stonn huet een op d'Auer gekuckt, fir da festzestellen, dass eréischt 2 Minutte vergaange sinn. Schlëmm sou eppes.

En anert Phänomen ass, dass een op enger Soirée mat Gäscht dacks Gefill huet dass Zäit flitt. No gefillten 20 Minutten si schonn 3 Stonne vergaangen. Ma net nëmme Langweil mécht dass Zäit méi lues vergeet. Och Féiwer a Angscht beaflossen eist Zäitgefill. Déi héich Temperatur am Kierper léist vill Prozesser méi séier lafen. Och eis bannescht Auer tickt dann anescht. Méi séier. Doduerch kritt een Gefill dass Zäit net ëmgeet. Wat de Féiwer méi héich ass, wat dësen Effekt sech verstäerkt.
Bei der Angscht geschitt dat selwecht. Et héiert een dacks dass Leit engem Zielen, dass virun engem Autosaccident hiert Liewe viru sech erlaanscht goe gesinn hunn. De Moment vum Impakt kënnt engem awer ganz laang fir.
De Stoffwiessel gëtt duerch Féiwer oder Angschtzoustänn ugereegt. Zesumme mam Adrenalin schafft eise Kierper op Héichtoure fir eis op eng Gefor virzebereeden. Eis Auer am Kierper leeft méi séier.
Och Leit mat Depressiounen hunn Gefill dass Zäit net ëmgeet. Leit déi manesch Depressiv sinn erliewen de Contraire.

Wéi kann et sinn dass dat esou ass?
Eis Zentral bannescht Auer ass am Gehier. Et si winzeg Zellen déi hannert der Nueswuerzel an am Beräich vun den Nerve bei den Ae leien. Si ginn den Takt un. Ma se reagéieren awer och op Signaler déi vu bausse kommen. Woubäi Luucht déi wichtegst Roll spillt. Hellegkeet synchroniséiert de Kierper mat der Dageszäit. Wiessel dat elo abrupt, z.B well mer am Fliger sëtzen an duerch aner Zäitzone fléien, da kann et erëm e puer Deeg dauere bis mer erëm, so mer mol: Normal Ticken.
Fir nach eng Kéier op d'Angscht an de Féiwer zeréck ze kommen, et sinn Botenstoffer vun eisen Organer déi hiren Deel dozou bäidroe wéi séier mer Zäit realiséieren doduerch entsteet eng Réckkopplung déi dat ganzt nawell zimmlech op d'Kopp geheie kann. Ganz am Detail ass déi ganz Saach awer nach net erfuerscht.