Denkt een un d'deiert Gedrénks, dann denkt ee wuel un ee gudde Wäin aus engem bestëmmte Joergang oder e Schampes vläicht nach. Awer bestëmmt net u Waasser. Dobäi ginn et do Zorten, do kann déi eng oder aner gutt Drauf apaken. D'Lea Schwartz matt richteg deiere Waasserzorten

03062020 Waasser a Waasser

Op komplett aus Gold, mat Diamante verzunn, wann et ëm Dekoratioune vu Waasserfläche geet, ginn et puer Entreprisen, déi sech do wierklech iwwertreffen. Do geet et manner ëm d'Waasser selwer, wéi ëm d'Material mat deem et verpaakt gëtt. De Rekord hält do d'Acqua di Cristallo. Dës Fläsch ass en Hommage un e Kënschtler aus dem 19. Joerhonnert. Dem Amedeo Modigliani säi Gesicht ass nämlech komplett aus Gold op der Fläsch veréiwegt. Dofir ass d'Fläsch dann och fir ronn 53 000 Euro iwwert den Dësch gaangen.

Et läit awer net ëmmer un der Verpackung, wa Waasser fir scho bal absurd héich Präis verkaaft gëtt. Zum Beispill d'Waasserzort "Rokko del Mizu" kascht gären emol 124 Euro de Liter. An dat net wéinst dem Emballage, mee der Géigend aus där et kënnt. An zwar aus Japan, méi genee de Rokko Bierger. Déi Géigend ass ënner anerem bekannt dofir, dass ganz vill iwwer 100-Järeger do wunnen. D'Waasser gëtt dofir als eng Aart ''Jungbrunnen'' gehandelt. Et géif och de Stress reduzéieren. Et ass awer net bewisen, dass deen duerchschnëttlech héijen Alter soll iwwerhaapt um Waasser leien. A Japan kascht et op alle Fall och just een 1 Euro d'Fläsch. Baussent dem Land ass et eng richteg Luxuswuer. Respektiv gëtt zu enger gemaach.

Weider geet et op der Hawaiianescher Küst. Hei gëtt d'Waasserzort "Kona Nigari" hiergestallt. Dat Waasser gëtt 600 Meter ënnert dem Mieresspigel aus dem Ozean gewonnen. Mat engem spezielle System gëtt et do rausgeholl, d'Salz getrennt an a klenge Fläschen ofgefëllt. D'Waasser gëtt als eng Aart Konzentrat verkaaft. Dat heescht et hëlt een e puer Milliliter a schëtt et dann op mat "normalem" Waasser. Gemengt ass domadder Waasser dat net 319 Euro de Liter kascht. Virun allem a Japan wär d'Nofro no deem Hawaiianeschen Déifséi-Mix ganz grouss. Doduerch, dass et esou déif aus dem Mier kënnt, wär et manner der haiteger Ëmweltverschmotzung ausgesat. Et wär och immens gutt fir d'Haut, géif géint Verdauungsprobleemer hëllefen a beim Ofhuelen ënnerstëtzen. Wat ganz niewebäi och eng Niewewierkung vun eigentlech all Waasser ass. Net fir näischt gëtt ëmmer gesot genuch iwwert den Dag ze drénken.

Et geet awer nach dekadent weider. Déi éischt Platz op der Lëscht fir dat deierste Mineralwaasser féiert eis nees zréck an d'USA. D' »Super Nariwa Concentrated« Waasser ass dat Deierst vun der Welt. Et soll puer Millioune Joren al sinn an et ginn him vill positiv Kräften zougeschriwwen. Ee Liter vun deem naasse Gold kascht ëmgerechent 9000 Dollar. Meeschtens gëtt dat hei awer och als Konzentrat verkaaft.

Ob et elo Wonnerwasser ass oder einfach een eng glécklech Händchen hat, wann et em Marketing geet. Sécher ass, dass och dat Waasser wat bei eis aus dem Krunn kënnt, déi beschte Qualitéit huet. Ganz ouni Plastiksverpackung, ouni wäit Transportweeër an definitiv vill méi bëlleg.