"Stress dech dach net esou". Dat ass definitif méi einfach gesot wéi gemaach. Ob et moies schonn de Stau ass, Drock op der Aarbecht oder nach privat Suergen, déi dobäi kommen. Stress gehéiert dacks zum Alldag dobäi. Et huet awer vill negativ Auswierkungen op eis mental Gesondheet a kéint esouguer eis d'Gediechtnes beaflossen. Lea Schwartz.

04062020 Stress a Gediechtnesverloscht

De Probleem mam Stress ass, dass een do gären emol an en Däiwelskrees geréit aus deem ee schlecht nees erauskënnt. Fir d'éischt emol kënnt e schläichend. Chronesche Stress kënnt net vun haut op muer. D'Liewe leeft séier un engem laanscht, et probéiert een iergendwéi matzehalen. Iergendwann ass een dann an engem Zoustand wou ee sech net méi richteg entspane kann. Da komme Schlofprobleemer, Kappwéi, Verdauungsprobleemer a vill aner kierperlech Symptomer dobäi. Eng Suerg méi. Stress verursaacht eben dacks nach vill méi Stress.

Heiansdo kann en zwar ganz nëtzlech sinn. Wa mir zum Beispill eppes séier fäerdeg musse kréien. Esou ganz punktuell ass Stress och net schlecht fir d'Gesondheet. Ongesond gëtt et eréischt wann e chronesch ass. Wann een iwwert e laangen Zäitraum gestresst ass. Dat ka souguer iwwer Méint goen. An genee dat kéint esouguer eist d'Gehier veränneren. Domadder kommen dann Niewewierkunge wéi Gediechtniesverloscht, Opmierksamkeetsprobleemer, schlecht Konzentratioun a Schwieregkeeten Entscheedungen ze huelen.

An enger Etüd vun der University of Florida gouf erausfonnt, dass Stress dofir verantwortlech ass, dass Deeler vum Hippocampus schrumpfen. Dat ass en Deel vum Gehier, an zwar deen, dee fir Emotiounen an Erënnerungen zoustänneg ass. Dat geschitt wann de Cortisolspigel op Dauer ze héich ass. Wa mir Stress hunn, gëtt nämlech ëmmer Cortisol fräigesat. E Stresshormon. Deen op Dauer net just eis Emotioune beaflosst, mee och nei Erënnerungen an eisem Gehier verhënnert. Dofir kommen eis stresseg Zäiten heiansdo och esou vir, wéi wann si am Fluch vergaange wieren. Eist Gehier kann einfach net genuch Erënnerunge mat där Zäit verbannen.

Dobäi kënnt, dass sech bei Stress eng Aart Alarmzoustand am Gehier breet mécht. Dat mécht et méi schwéier Entscheedungen ze treffen, respektiv logesch iwwert eppes nozedenken. Stresssymptomer sollt een eescht huelen. Well op Dauer mécht et krank kierperlech, ma och mental. A bréngt duerno weeder engem selwer nach dem Ëmfeld eppes.