Mandele schmaachen net nëmme gutt, ma sinn dobäi och nach immens gesond. Wann ee reegelméisseg Mandelen ësst, da kann een domat souguer d'Verlaangen no Iesse reduzéieren. Mol ofgesinn dovunner, dass si d'Haut jonk halen an och soss nach ganz vill opweises hunn. Firwat ee reegelméisseg Mandelen iesse soll, zielt d'Nicky Soisson Iech elo direkt.

11062020 Mandele si gesond

Viru villen honnerte Jore huet d'Mandel zu deene wichtege Basisliewensmëttel vum Mënsch an de subtropesche Regioune gehéiert. An dësem Steenuebst fënnt ee vill héichwäertegt Eewäiss. Mandele siedegen en plus ouni déck ze maachen, sou dass se well deemools de Leit gehollef hunn, leeschtungsfäeg, fit a schlank ze bleiwen. 

Ma firwat si Mandelen dann eigentlech esou wichteg a gutt fir eis Gesondheet? Sven Majerus, Dieteticien vu Rolleng.

"An der Mandel do stécht vill Gesondes dran. Wann ech elo zum Beispill eng Hand voll huelen, dat sinn ongeféier 30 Gramm, do stécht well 6 Gramm héichwäertegt Eewäiss dran, 2 Gramm Kuelenhydrater maximal an awer duerfir 14 Gramm Fett. Dobäi muss ee soen, dat Fett wat an de Mandelen dran ass, dat ass keen däers Schlechten well mir maache jo eng Differenz an der Dietétique tëschent gesonden an ongesonde Fetter, an hei sinn där gesonder Fetter dran an dat sinn eben där einfacher an ongesättegter Fettsaieren, där fanne mer hei ganz vill erëm. Dobäi kënnt, dass an der Mandel och vill Ballaststoffer dra sinn, Eisen, Vitaminn E, Magnesium an dann nach sekundär Planzestoffer."

Honnert Gramm Mandele liwwere well iwwer 500 Kalorien. Dëst ass e Grond, firwat Leit déi iwwergewiichteg sinn oder ofhuele wëllen, dacks e grousse Bou ëm déi kleng Käre maachen.

"Et stëmmt: Mandelen hu vill Kalorien. Dobäi muss een awer soen, dass een eng Mandel, grad sou wéi Nëss, ganz anescht ësst, wéi elo aner Liewensmëttel déi och vill Kalorien hunn. Dobäi kënnt awer, dass d'Mandelen e ganz interessanten Effet hunn op den Appetit, an zwar dass se en zügelen. Dat heescht e puer Mandele virun enger Moolzecht iessen ass ganz interessant well et hëlleft, dass een e bëssi manner séier ësst well een net méi sou vill Appetit oder net méi esou vill Honger huet, an eben och doduerch hëlleft et, dass een eben net esou vill Quantitéiten ësst. An déi 2 Saachen, dat heescht d'Schnellegkeet wéi een ësst a wéi vill een ësst, spillen natierlech eng grouss Roll am Iwwergewiicht. Soss eben, dat heescht den Haaptmessage ëmmer, et soll een natierlech net nëmme Mandelen iessen, mee déi Mandele gehéieren eben integréiert an eng ausgewogen Ernierung."

Wichteg ass et awer, op d'Qualitéit vun de Mandelen opzepassen.

"Aus nutrionneller Siicht ass et wichteg, dass d'Mandel naturbeloossen ass, dat heescht, dass net nach aner Stoffer bäigemëscht sinn wéi zum Beispill ganz oft de Fall, dass dobäi gemëscht gëtt, dat heescht gesalzte Mandele sinn dann net méi sou interessant. D'Mandel huet alles wat ee brauch, do brauch een net och nach aner Stoffer a Salz zum Beispill, däers iesse mer souwisou schonn ze vill. Soss vun der Hygiène géing ech einfach soen, normalerweis ass dat kee Problem, déi si jo och verpaakt sou dass do keng Gefor besteet a wa se da mol am Lassene géinge verkaf ginn, soll een se vläicht eng Kéier ofwäschen fir dass dat dann hygienesch einwandfrei ass."