De Weekend notzt ee jo gäre fir sou richteg schéin auszeschlofen, firwat net emol e Brunch an Owes geet een dann och nach gutt Iessen. Eis Gewunnechte variéiere ganz dacks immens staark vum Aarbechtsalldag an der Woch an eiser Fräizäit um Weekend. Virun allem wann et ëm d'Iesse geet, do kann een och vun engem sougenannten Iessen-Jetlag schwätzen. Wat dat ass, erkläert d'Lea Schwartz.

04062020 Wat ass Iessen-Jetlag

An der Woch ass d'Struktur vum Dag dacks duerch den Aarbechtsalldag an déi eng oder aner Fräizäitaktivitéit  genee virginn. Domadder sinn d'Iesszäiten dann dacks relativ reegelméisseg, all Dag zu der selwechter Zäit. Virun allem Moies. An der Woch steet ee fréi op an ass u bestëmmten Zäite gebonnen un deenen een op der Aarbecht ufänke muss. Weekends kann een awer sou richteg profitéieren, ausschlofen an drénkt da Kaffi wann een op ass. Schonn 2 Stonnen Ënnerscheed tëscht Weekend a Woch kënnen de sougenannten Iessens-Jetlag ausléisen.

Jee no Dageszäit kréie mir iessen an domadder d'Kalorie mol méi oder manner gutt verschafft. An dat läit un eiser banneschter Auer. Si preparéiert eise Kierper dorobber d'Iessen sou gutt wéi et geet verdauen ze kënnen. Zum Beispill géint der Owend stellt si sech ab enger gewëssener Auerzäit op eng Aart Faaschtenzäit an. Nuets iesse mir jo iwwert d'Stonne weder fest nach flësseg Liewensmëttel.

Wann dann awer en déckt Owesiesse kënnt amplaz vu Schlof, bréngt dat eis biologesch Auer duercherneen. Fest Iessens- a Schlofzäite géifen de Kierper a senger Funktioun ënnerstëtzen. Zum Beispill bei der Produktioun vun Hormonen. Déi dann dozou bäidroe kënnen, Gewiicht zouzehuelen.

Dat hunn spuenesch Fuerscher an enger Etüd erausfonnt. Dofir hunn si iwwer 1000 verschidde jonk Persounen ënnersicht. Virun allem hir Iessgewunnechten um Weekend an an der Woch a Relatioun mam sougenannte Body Mass Index. Dat ass eng Manéier fir d'Gewiicht proportional zu der Gréisst ze rechnen. Domadder konnten si erausfannen, dass Leit, déi Weekends ganz anescht giess hunn, wéi an der Woch, dacks och ee méi héije BMI haten. Dat heescht si waren éischter iwwergewiichteg.

Onreegelméisseg Iesszäite kéinten also dozou bäidroe Gewiicht zouzehuelen a schueden domadder der Gesondheet. Eigentlech kënnt de Begrëff 'Jet-Lag' jo vum Reesen, wann een aus enger anerer Zäitzone kënnt an sech da mol nees un de Rhythmus gewinne muss. Virun allem de Schlof leit gären emol um Jetlag. Beim Iessen ass et änlech. Wann och net grad esou extrem, wéi wa mir aus enger anerer Zäitzone kommen. Wann een also gären deen een oder anere Kilo ofhuele wëll, kéint een eng Kéier méi genee op d'Iesszäiten oppassen. Et ass awer net just de Wann, mee och de Wat, deen um Enn vum Dag op der Wo eng Roll spillt.