Schoul geet erëm virun. Op de Büroen ass erëm méi lass. Wien sech d'Aabrechtsplazen scho mol méi genee ugekuckt huet, dee kann deen een oder aneren ugebassenen Stëft do gesinn leien. Béis Zonge behaapten um Bläistëft wier dat net esou gutt. Stëmmt dat?

04/06/2020 Firwat bäisse mer op Bläistëfter

Eent ass scho mol sécher an de meeschte Fäll gëtt just um Bläistëft geknat, well mer ze vill Nervös sinn.
Wien dat ganzt bewosst mécht, dee huet sech méi wéi sécher scho mol d'Fro gestallt op dat net gëfteg ka sinn.
Nee soe Fuerschen. Viru Joerhonnerten hunn Leit keen Ënnerscheed tëscht dem Bläistëft an enger Spëtz aus Graphit gemaach. A genee dat ass de klengen Ënnerscheed deen een awer muss maachen
Wien drop knat ass meeschtens nervös. Et kann een och vun enger psychosomatescher Uspanung schwätzen. Deemno bleift de Bläistëft fir vill Leit zu engem wichtegen Accessoire um Büro .
Och an der Schoul gëtt dra gebass.
Meeschtens da wann een am gaangen ass eppes ze maache wat ustrengend ass. Et kënnen awer Situatioune sinn an deenen et engem langweileg ass oder wou een Honger huet.
Ganz ongeféierlech ass et dann awer net. Wien dat ze dacks mécht, dee riskéiert Problemer mam Gebéck ze kréien. Dëse ka sech verformen. Grad dann wa Kanner dat maachen.
Et kënne Spläiteren an Zännfleesch komme wat Entzündunge maache kann. Schlëmmstefalls kënnen se souguer ënnergeschléckt ginn.
Vill Bläistëfter si lackéiert. Dëst Mëttel ass awer ugangs de 90er Joren net méi gëfteg.
Wien beim Kaf vu Bläistëftsfaarwen op EU Norm DIN EN 71 uecht deet, dee keeft e Produit, bei deem Stëfter fräi vu gëftege Faarfstoffer sinn.
Am beschten ass et souwisou an en Apel ze bäissen. Oder e Knätsch ze knaen. Dernieft gesäit esou e Bläistëft um Büro net grad ganz attraktiv aus.