Et ass eng Fro, déi den Ament wahrscheinlech vill Leit sech stellen. Virun allem elo sou kuerz virun der grousser Vakanz. Gëtt reesen elo méi deier a wéi eng Destinatiounen sinn op fir de Summer?

10/06/2020 Gëtt reesen elo méi deier?

Et gëtt den Ament vill spekuléiert, wéi a virun allem och ob sech d'Präisser vum Reesen wäerten wéinst der Krise veränneren. Bis elo konnt een jo eigentlech mat wéineg Geld flott an d'Vakanz goen. Ob dat an d'Zukunft nach de Fall wäert sinn, weess een net. Schliisslech heescht bëlleg sou vill, wéi vill Mënschen op enkem Raum. A genee dat gëllt et an dësen Zäiten ze vermeiden. Allerdéngs géing sech den Ament nach keng Tendenz eraus kristalliséieren, sou den Fernand Heinisch, President vun der ULAV, der "Union Luxembourgeoise des Agences de Voyages au Luxembourg". Et hätt een aus fréiere Krisen geléiert, dass d'Präisser net enorm an d'Luucht gaange sinn.

Reesen un sech, géing sech awer prinzipiell an nächster Zäit veränneren, well all Land verschidden Restriktiounen an Hygiènesmesuren huet, un déi ee sech als Tourist misst upassen. Am beschten wier et sech viru sengem Depart ze informéieren. Wichteg fir den Tourismussecteur wier et awer och elo, dass an enger éischter Phase d'Grenzen nees opginn an d'Leit nees dierfte reesen. Wëll no de neisten Etüden ass de Wëllen fir ze reesen bei ville Leit do.

Et géing lo alles dovunner ofhänken, wéi d'Situatioun sech weider entwéckelt. Verschidde Länner, wéi zum Beispill Neiséiland, Tansania oder Botswana, géingen allerdéngs elo schonn op de Wee goen, fir den sougenannten Backpacker-Tourismus ze ënnermaueren. A sëtzen verstäerkt op de Luxus-Tourismus. Domadder géingen manner Leit kommen, ma déi géingen awer genee sou vill Suen erabréngen.

An an engems kéint een domadder d'Ëmwelt schützen an de nohaltegen Tourismus no vir bréngen.