Wa mer Nuddelen ouni Salz am Waasser kachen, ass et net dat selwecht, a scho guer net vun der gudder Portioun Fritten ze schwätzen, déi ouni déi kleng wäiss Kristallen dach richteg fad schmaacht. Leider ass ze vill Salz awer och net gutt fir eis Gesondheet.

15/06/2020 Wéi vill ass ze vill Salz?

Pro Dag géingen Fraen enger Etüd no an der Moyenne eng ronn 8,4 Gramm Salz zou sech huelen an en Mann eng ronn 10 Gramm. Problematesch géing et ginn, wann een méi wéi 12,5 Gramm ësst. Mee wat geschitt dann eigentlech wa mir ze vill dovunner iessen. Da kéint een eng Hypernatrémie maachen, seet den Dr. Nico Haas. Deen Ament hätt een ze vill Salz am Kierper. An doduercher géing d'Waasser aus den Zellen erausgezu ginn an et géing engem immens schlecht ginn. Direkt opfalen géing et engem allerdéngs net, wann een ze vill dovunner giess hätt.

Eis wier ganz dacks net bewosst, dass a villen Iesswueren scho genuch Salz dran ass. Virun allem a Produiten, déi scho fäerdeg sinn. Et wier also net verkéiert d'Salz och emol op der Säit ze loossen. Meeschtens wier et eng Saach vu Gewunnecht, dass een einfach nach eemol no salzt.

Och wann en gesonden Mënsch hautdesdaags net méi géing dru stierwen, huet ze vill Salz negativ Repercussiounen ob de Bluttdrock an och op d'Waasser an eisem Kierper, well doduercher méi Waasser gespäichert gëtt. An dann eis Féiss, Hänn an de Rëscht vum Kierper ufänkt ze schwëllen.

Et ass wéi mat allem: Ze vill a net genuch si keng Moossen.