Wien scho mol eng Kéier probéiert huet de Kaffi op der Säit ze loossen, weess, dass dat guer net esou einfach ass. Virun allem wann een dru gewinnt ass, vum Koffein waakreg ze ginn. Dofir sollt ee wann een de Konsum vum Kaffi reduzéieren oder ganz wëll si loossen, éischter lues a lues ophalen an net vun haut op muer. Lea Schwartz.

15/06/2020 Op Kaffi verzichten

Ob Moies beim Opstoe fir waakreg ze ginn, nom Mëttegiesse fir d'Verdauung oder wärend dem Dag, an enger klenger Paus fir nees nei Energie ze tanken. De Kaffi mécht eis waakreg an ass dofir e gutt Hëllefsmëttel virun allem un Deeg, wou een vill wëlles huet an d'Middegkeet sou guer net gebrauche kann.

Am allgemengen ass Kaffi jo och net ongesond. En huet zum Beispill vill Antioxidanten, Vitaminn B3 an e soll och gutt fir de Stoffwiessel sinn. Virausgesat et consomméiert een en a Mossen. Ze vill Kaffi ass nämlech och net gutt. An dat läit um Koffein. Den däitsche Verband fir Ernärung an Diätik recommandéiert zum Beispill bis zu 400 Milligramm Koffein als net bedenklech. Dat sinn, jee nodeems wéi staark ee säi Kaffi drénkt, 3-5 Tasen den Dag.

Ze vill Koffein kann nämlech responsabel si fir schlechte Schlof, Onrou a souguer Häerzrhythmusstéierungen. Dobäi kënnt, dass eise Kierper sech och dorunner gewinnt.
Normalerweis produzéiert de Kierper de Stoff Adenosin, deen eis midd mécht. De Koffein bremst deen zouzesoen a mécht eis dofir méi waakreg. Eise Kierper probéiert dat auszegläichen an produzéiert méi Adenosin. An anere Wieder, wat ee méi Koffein zou sech hëlt, wat een es och ëmmer méi braucht fir iwwerhaapt en Ënnerscheed ze spieren. Normalerweis brauch et 30 Minutten no enger Taass Kaffi bis d'Wierkung asetzt, dat kann da bis zu véier Stonn unhalen.

Stoppt een de Kaffi an domadder d'Opnam vu Koffein vun engem Dag op den aneren, kann dat Niewewierkungen ausléisen. Kappwéi a souguer Depressioune ginn domadder a Verbindung bruecht. Virun allem ass een déi éischt Zäit extreme midd. De Kierper war un de Koffein gewinnt an huet grouss Quantitéite vun Adenosin, dee jo midd mécht produzéiert. Wann dee vun haut op muer net méi vum Koffein ausgebremst gëtt, ass een Iwwerschoss do.

Wien säi Konsum zréckfuere wëll, deem gléckt dat am Beschte mat klénge Schrëtt. Et muss een de Kierper nees dorunner gewinnen, manner Adenosin ze produzéieren. Dann sinn d'Niewewierkungen och net grad esou staark. Do kann een zum Beispill am Ufank eng Kaffistaass den Dag duerch en anert Gedrénks ersetzen. Zum Beispill Kraidertéi an der Kaffispaus.An dat dann lues a lues steigeren, Wichteg ass et genuch aner Flëssegkeeten zou sech ze huelen. No e puer Deeg sollt een da keng Entzuchserscheinunge méi spieren.