31 Joer sinn et haut op den Dag hier dass Baggeren an der Bernauer Strasse domadder ugefaangen hunn, d'DDR-Grenzanlag dem Äerdbuedem gläich ze maachen. Honnerte Leit si komm fir dësen Event ze  feieren, mat Schampes a Späizmännercher.

13/06/2021 Op den Dag: Berliner Mauer

Den 13te Juni 1990 sinn d'Baggeren an d'Bernauer Strasse zu Berlin gerullt, op där Plaz wou et fréier dramatesch Zeene gouf mat Leit, déi an de Weste flüchte wollten. Do steet eent vun deene leschte Stécker Berliner Mauer a Form vun engem Monument op enger Längt vun bal annerhallwem Kilometer. D'lescht Joer sinn iwwert eng Millioun Leit dohinner kucke gaangen. Haut ginn et nëmme nach e puer Plazen an der däitscher Haaptstad wou ee kann original Stécker vun der 155 Kilometer laanger Grenzanlag gesinn.

RTL

© Pixabay

Wéi se ofgerappt gouf, goufen och vill Geschäfter gemaach. Historiker ginn dovunner aus, dass beim Verkaf Millioune verschwonne sinn. Bei enger Stee am Summer 1990 zu Monaco zum Beispill  koumen faarweg Mauerstécker ënnert den Hummer an dobäi si bal zwou Milliounen DM zesumme komm. Nëmmen e kléngen Deel vum Erléis war fir e gudden Zweck. Haut fënnt een Deeler vun der Berliner Mauer op der ganzer Welt. Den Historiker Heidenreich huet 125 där Plazen fonnt, an et gouf tonneweis Beton vun der Mauer zerklengert an a Stroosse verbaut. Et huet awer och e Koup Sue kascht fir se ofzerappen, deemools ronn 170 Millioune Mark.

RTL

© Pixabay

Nodeems d'Mauer an der Bernauer Strooss zum gréissten Deel zerstéiert war, goufen an de Wochen drop d'Verbindungen tëscht den zwee Deeler vu Berlin erëm a Betrib geholl.  Nodeems d'Anlag gebaut gouf, war d'Liewen do net méi ewéi et virdru war: d'Haiser hunn zum Osten gehéiert, den Trottoir zum Westen an d'Leit hu nach déi éischt Deeg probéiert, aus de Fënsteren an de Westen ze sprangen. Du gouf zougemauert. Déi déidlech Zone war 15 bis 150 Meter breet. Fuerscher ginn dovunner aus dass un der Berliner Mauer op mannst 140 Mënschen ëm d'Liewe komm sinn.