Tourismus ass e lukratiivt Geschäft, iwwerall do wou et eppes Spektakuläres ze kucke gëtt, loossen normalerweis och Touristen net laang op sech waarden. D'Lea Schwartz, mat e puer Beispiller vun Destinatiounen, déi dann heiansdo och nohëllefe fir Leit ze lackelen.

19062020 Kenschtlech Touristemagneite

De gréisste Waassergeysir vun der Welt fënnt een direkt bei eisen Noperen am Süde vun Däitschland. Bei Andernach brécht all zwou Stonnen dat Naturspektakel aus, iwwer 60 Meter sprëtzt Waasser an d'Luucht. All Joers zitt dat ronn 120.000 Touristen an déi Géigend. Dobäi ass déi natierlech Waassersource scho viru Joren net méi do. Dofir gouf nogehollef a Réier geluecht, déi d'Waasser dohi bréngen. Fir, dass de Geysir iwwerhaapt ausbrieche kann, ass e Gas responsabel wat do natierlech virkënnt. Fir, dass et awer dem Horaire no ausbrécht, gëtt Nuets iwwer ëmmer e speziellen Deckel benotzt fir d'Gas esou ze stockéieren, dass den Dag iwwer genuch do ass fir de Visiteuren eng gutt Show ze bidden. Ganz kënschtlech ass et jo net, et kann een awer soen, dass e bëssen nogehollef gouf.

Weider geet et méi romantesch, an Italien, zu Verona. Hei huet sech dem Shakespeare seng Tragedie ofgespillt, wou de Romeo an d'Julia sech kenne geléiert a léif gewonnen hunn. Just blöd, dass si ni wierklech existéiert hunn. Trotzdeem kann een dem Julia säin Haus besiche goen,de Balcon bestaunen op deenen et virun esou ville Joren eben net op säi Romeo gewaart huet. Dat Gebai soll fréier e Stall gewiescht sinn. An elo ass et e ganz lukrative Magnéit fir Touristen ze lackelen.

D'Lëscht bréngt eis dann och op Dubai. Wien Natierlechkeet erwaart, ass an der Stad, déi an der Wüüst aus dem Näischt erriicht ginn ass, wuel souwisou net esou gutt opgehuewen. E Beispill wat awer erausstécht sinn eng 300 Insele virun der Küst. Hei sollt 2008 de Projet "The World" entstoen. Déi Insele sollte vun uewen ausgesi wéi d'Kaart vun der Welt, all Insel e Land. Eng Welt 2.0 souzesoen, direkt virun der Küst vun Dubai. Fir dëse Projet goufe Millioune Kubikmeter Sand a Steng verbaut. D'Resultat waren awer Investoren, déi sech verschat a Faillite gaange sinn a vill Inselen vun deenen een Deel mëttlerweil nees ënnergaangen ass, wéi net méi weider gebaut gouf. E puer Inselen ënner anerem déi kënschtlech Versioun vum Libanon kann een awer nach besichen.

Vun esou futuristeschen Zukunftsperspektive geet elo ganz weit nees zréck an der Mënschheetsgeschicht, an d'Steenzäit. A Frankräich konnt een an der Hiel vu Lascaux gutt erhalen Hielemolerei kucken, Biller vun Déieren, Zeene vun der Juegd an aus dem Alldag vun de Mënschen. Déi waren esou gutt erhalen, dass dorausser e beléiften Zil fir Touriste ginn ass. Dat huet mat der Zäit esou vill Leit ugezunn, dass d'Molereie beschiedegt goufen. Et gëtt ugeholl, dass dëst duerch den ausgeotemte Kuelendioxid war. Fir de Besicher weiderhin en Abléck an d'Welt vun den éischte Mënsche kënnen ze ginn, gouf eng zweet Hiel gebaut: Lascaux 2. Ëmmerhin soll et dem Original eent zu eent nogebaut sinn, just eben net vu Mënschen aus der Steenzäit.

Wann een elo nohëlleft fir e bësse méi attraktiv fir Touristen ze sinn, sinn dës Beispill net déi eenzeg. Ma déi heiten, géif et ouni den Tourismus warscheinlech guer net méi ginn oder wäre vläicht emol net gebaut ginn.