Auto fuere mécht direkt vill méi Freed wann een dobäi gutt Musek lauschtert. D'Stëmmung ass einfach besser.

24/06/2020 Musek ass de beschte Bäifuerer

Matsangen, am beschten haart, oder einfach eppes lauschtere wat een no engem haarden a laange Schaffdag erëm erof bréngt kann d'Laun an d'Luucht drécken. Wien een nieft sech sëtzen huet, dee ka mol a Versuchung komme matzesangen.
Dat ka scho mol zu enger komescher Situatioun bei der rouder Luucht féieren.
Iwwregens: 85% vun de Leit lauschteren ëmmer Musek, wa se mam Auto ënnerwee sinn. Verschidden Etüden hu sech elo domat beschäftegt. Bei den Dammen ass esou, dass déi meescht gäre Musek aus den Charts lauschteren.
Bei de Männer ass et éischter den Hardrock deen dominéiert.
Et entspaant ee bei gudder Musek. Se suergt einfach fir gutt Laun, jo et gi souguer Gléckshormoner ausgeschott.
Et gouf awer erausfonnt, dass et keng falsch Musek gëtt. Wien net zefridden ass mécht eppes anescht un. Esou einfach ass dat.
Wat nach gutt deet, ass e Lidd ze lauschtere mat deem een iergendeppes verbënnt. Gutt, awer och schlecht Erfarungen. Lidder mat deenen een eppes erlieft huet. An der Etüd gouf awer och gekuckt, wéi en Afloss d'Musek op eist Fuerverhalen huet. Bei der Pop Musek ass een z.B méi séier ënnerwee. Bei der Klassik ass de Géigendeel de Fall.
Den Heavy Metal mécht méi aggressiv. Ass d'Musek ze haart, verlängert sech de Bremswee ëm 15 Meter.
Iwwregens, an Europa ass zanter Ufank den 30er de Radio am Auto eise permanente Begleeder.