Huet ee soss als Beispill eng immens kal Plaz op der Welt genannt, huet een dacks vu Sibirien geschwat. An Zukunft wäert dës Regioun am nordasiatesche Russland mat Keelt net méi sou einfach a Verbindung ze brénge sinn. Dëser Deeg klëmmt do den Thermometer iwwer 30 Grad, Marie Gales.

26/06/2020 Vill ze waarm a Sibirien!

Zu Werchojansk, déi Stad, déi sech alt mat Wantertemperaturen ënner Minus 60 Grad Celsius bretzt an domadder eng vun de keelste Stied vun der Welt soll sinn, sollen bis zu 38 Grad am Plus gemooss gi sinn. Normal wieren elo do eng 12 Grad an d'Meteorologen a Klimafuerscher maache sech vill Suergen.

Schonn zanter Méint ass Sibirien mat enger Hëtztwell gehäit an am Mee goufen an Deeler vun der riseger Regioun 10 Grad méi wéi am Duerchschnëtt gemooss, schreift den EU-Copernicus-Klimadéngscht. Souguer um Polarkrees goufen et Temperature wéi nach ni, zu Chatanga wou dës Zäit Dagestemperaturen ëm 0 Grad normal sinn, waren et de 25. Mee der 25, domadder gouf de Rekord vun virdru vun 12 Grad labber gebrach.

Déi brittesch Zeitung "The Guardian" schreift, dass zu den héijen Temperaturen grouss Bëschbränn vun Honnertdausenden Hektar bäidroen; grad sou och eng Plo vu Matten, déi virun allem Nolbeem friessen an domadder nees d'Hëtzt begënschtegen. Ma och déi rezent Uelegkatastroph zu Norilsk Enn Mee huet d'Situatioun nach verschlëmmert.
En Tank am Heizkraaftwierk soll wéinst dem Permafraschtbuedem, deen am gaangen ass ze entdeeën, kollabéiert sinn. 20.000 Tonnen Diesel sinn ausgelaf an hunn alles an der Géigend verseucht.

De Martin Stendel vum Dänesche Meteorologeschen Institut seet, dass déi Temperaturen an Nordwestsibirien de Berechnungen no, nëmmen 1 mol an 100.000 Joer normal wieren, mä d'Erwiermung vu Mënschenhand gefërdert, géif sou extreem Wiederereegnisser an Zukunft méi heefeg gi loossen.

Sibirien zielt zu de Weltregiounen, fir déi am Kader vum Klimawandel mat enger staarker Erwiermung a groussen Temperaturschwankunge gerechent gëtt. D'Temperature ronderëm d'Pole klammen am séiersten, well d'Mieresstréimungen d'Wäermt dohinner transportéieren an d'Äis an de Schnéi da schmëlzen dinn. Och wann de Planéit global gesi méi waarm géif ginn, geschitt dat awer net gläichméisseg, heescht et vum Copernicus-Klimadéngscht. Dofir wiere grouss Temperaturanomalien elo a Sibirien bis zu engem gewësse Grad net wierklech iwwerraschend. Ongewéinlech wier awer, d'Dauer wéi laang et sou immens waarm géif bleiwen.

Schonn s de leschte Wanter soll a Sibirien dee Wäermste zanter Ufank vun den Opzeechnunge virun 130 Joer gewiescht sinn.