Wann et dobaussen déck waarm ass, da kréien dat verschiddener vun eis och an der Nuecht ze spieren. Nämlech da wa se net schlofen kënnen. Moies ass een dann dacks wéi geriedert. E puer Tricken kënnen awer schonn dobäi hëllefen fir déi waarm Nuechten besser ze iwwerstoen.

26/06/2020 Schlofen bei décker Hëtzt 17h10

Et dréit ee sech vun enger Säit op déi aner an et kann een einfach net aschlofen. Wann et an der Nuecht net ofkillt, ass et nëmme schwéier fir d'Hëtzt aus der Schlofkummer ze kréien. Do kann ee frou si wann een eng Klimaanlag huet.

Wien owes gutt schlofen wëll, soll schonn am fréie Moien domadder ufänken. Also Fënsteren op an déi kill Loft eraloossen. Natierlech nëmmen esoulaang bis et dann nees ufänkt, méi waarm ze ginn. Da sollen d'Fënsteren zougemaach ginn an d'Jalousien, respektiv d'Rolllueden erof. Och déi elektresch Apparater an der Kummer sollen ausgemaach gi fir dass sech de Raum net onnéideg ophëtzt.

Ass et dobaussen dann nees méi kill, kann d'Fënster opgemaach ginn. Duerchzuch wier an der Nuecht keng gutt Léisung, well de Kierper am Déifschlof doduerch kéint gestéiert ginn an de Risk besteet, dass ee sech erkaalt.

Dat ass dann och de Grond firwat et keng gutt Iddi ass nuets plakeg ze schlofen. Och do ass nämlech d'Gefor vun Erkältung grouss wann et nuets méi kal gëtt an een dobäi dann och nach vill schweesst. Beim Pyjama an dem Bettgedecks wier et am beschte fir op Kotteng ze setzen, op kee Fall Polyester. Wat de Stoff nämlech méi déck ass, wat de Loftaustausch méi blockéiert gëtt an d'Hëtzt vum Kierper behält. Bei der décker Hëtzt geet och schonn en dënnt Duch duer.

D'National Sleep Foundation mécht dann och drop opmierksam, dass et net gesond ass wann een an der Nuecht e Ventilator lafen huet. Allergene kéinten doduercher verbreet ginn, d'Haut gëtt dréchen oder et féiert zu engem Muskelkater. Déi roden do dernieft och nach seng Schlofkummer provisoresch e Stack méi déif ze leeën wann een ënnert dem Daach schléift. Wie scho mol am Summer ënnert dem Daach  geschlof huet, dee weess Bescheed.