Beweegung ass gesond. Sport ass wichteg fir de Kierper an de Geescht. Net jiddereen huet awer Zäit oder och d'Loscht fir sech reegelméisseg duerch de Sportprogramm ze quälen, seng Ronnen duerch de Quartier ze joggen oder sech Owes no der Aarbecht nach an de Fitnessstudio ze schleefen. Ma dann ass dat heiten eng gutt Noriicht. Och Goen ass schonn eng gutt Aart a Weis fir sech ze beweegen. Wéi eng gesondheetlech Virdeeler goen huet, erzielt eis d'Lea Schwartz.

29/06/2020 Wee Sport wëll dreiwen, soll goen!

Kleng Strecken ze Fouss amplaz mam Auto, de Lift duerch d'Trappen ersetzen oder sech nom Iessen net op d'Couche setzen, mee nach een Tour trëppele goe fir ze verdauen. Mat klenge Changementer kann ee sech och wann een eigentlech guer keng Zäit huet, méi beweegen. Domadder kënnt een net nëmmen an d'frësch Loft, ma et deet ee sengem Kierper och nach eppes Guddes. Déi gesondheetlech Virdeeler, déi de Sport engem bréngen, sinn nämlech net ofhängeg vun der Intensitéit, mee vun der Heefegkeet. Dofir wär Goen eng gutt Alternativ, virun allem fir déi Leit, déi sech souguer net mat anere Sportaarten ufrënne kënnen. Dat ergëtt eng Etüd vun der Norwegian School of Sport Sciences zu Oslo. Iwwer 40 Joer hunn si 36.000 Leit aus den USA, Norwegen an England begleet.

De Leit, déi sech am Duerchschnëtt 30 bis 45 Minutten den Dag beweegt hunn, gouf e bessert Immunsystem nogewisen. Si waren am Duerchschnëtt net sou dacks krank a wa si awer krank gi sinn, war de Krankheetsverlaf net esou schwéier wéi bei deene Leit, déi sech am Alldag manner beweegt hunn. Och gouf en Zesummenhang festgestallt tëscht der Beweegung an enger méi héijer Liewenserwaardung. Sou géif d'Warscheinlechkeet vun engem Häerzinfarkt ëm een Drëttel erof goen. Mat Beweegung waren hei awer keng intensiv Sportsunitéite gemengt, mee ganz gemittlech Beschäftegungen. Spadséiergäng oder alldeeglech Aarbechten, wéi zum Beispill d'Schaffen am Gaart.

Goen huet och nach aner Virdeeler fir d'Gesondheet. Et geet schonn am Kapp un, e Spadséiergang duerch d'Natur entspaant, d'Stresshormoner Cortisol an Adrenalin ginn duerch d'Trëppelen erof. Beim Goe gëtt och de Kierper duerchblutt, dat heescht et spiert ee sech méi waakreg, et huet ee méi Energie. Ma och d'Gehier profitéiert dovunner, well doduerch gëtt och déi Aart wéi mir Denken a Léiere beaflosst. Net fir näischt, heescht et ëmmer et soll een en Tour trëppele goen, fir de Kapp fräi ze kréien.

Liicht Beweegung soll souguer scho géint Péng hëllefen. Duerch reegelméisseg goen, hält ee säi Kierper mobil, et gëtt ee manner steif an et wiermt een och d'Muskelen op. Sou gëtt zum Beispill gerode bei Muskelkater spadséieren ze goen. En anere positiven Nieweneffekt ass d'Verbrenne vu Kalorien. Scho beim trëppele verbraucht ee méi Kalorie wéi ee kéint mengen. Net grad esou vill wéi wann een elo eng Sportaart mécht, wou ee gutt an d'schweesse kënnt. Am Duerchschnëtt sinn dat 20 Prozent manner wéi wann een zum Beispill joggt. Trëppelen hält een dofir awer an deene meeschte Fäll méi laang duerch. Och ganz ouni Training.