Zanter Ufank vun dësem Joerdausend hunn d'Liewensmëttelallergien zougeholl. Ob elo ob Nëss, Gluten, Mëllech, Eeër oder Fësch fir nëmmen déi ze nennen. Och an de Restauranten gëtt mëttlerweil jo drop higewisen, wat an de Liewensmëttel dran ass, fir dass do keng negativ Iwwerraschung entsteet. Mir hu mat 2 Dokteren geschwat.

Zouverlässeg Donnéeën aus de leschte Joer géife weisen, dass et ëmmer méi Liewensmëttelallergien ginn. Wéi d'Expertin Dr. Annette Kühn erkläert, géifen se net nëmmen méi heefeg optrieden, mä...

Se trieden och ëmmer méi schlëmm op. Et schätzt een, dass et 10 Prozent vun de Kanner sinn an 3-4 Prozent vun den Erwuessenen, déi vun enger Liewensmëttelallergie betraff sinn.

Bei de Liewensmëttelallergien spillt dann dacks och den Daarm eng wichteg Roll.

Den Daarm ass jo och e wichtegen Deel vum Immunsystem. D'Allergien fonctionnéieren iwwert den Immunsystem. Et gëtt eng grouss Kontaktfläsch mam Iessen, wat dann och do verschafft gëtt.

Esou léisst sech der Dr. Annette Kühn dann och eng Lëscht opstellen, wéi eng Allergien am heefegsten optrieden.

Verschidden Liewensmëttel wéi Mëllech, Eeër a Fësch kann een do nennen. Déi trieden am dacksten bei Kanner op. Bei de Planzen sinn d'Nëss, de Weess an de Soja vir an der Lëscht mat bäi.

A grad bei de planzlechen Allergenen géif dat och domadder zesummenhänken, dass et sougenannt Kräizreaktiounen ginn zu de Pollen. De Patient wier also dann à la base op Pollen allergesch. Allergien géifen och dacks optrieden, wann et eng Virbelaaschtung an der Famill gëtt. Den Dr. Markus Ollert vum Luxembourg Institute of Health.

Et gi Famillen an deenen Allergien méi verbreet sinn wéi an aneren. Allergien ginn och dacks duerch d'Ëmwelt geprägt, also wéi enge Liewensmëttel ech ausgesat sinn. Déi Allergie ka sech dann am Laf vun der Kandheet ofschwächen oder am schlëmmste Fall dann awer och verstäerken.

Wat dann zu engem schwéieren Verlaf féiere kann wann d'Kanner eng Noss iessen déi se net verdroen. Dat sollt een dem Dokter no net ënnerschätzen.

De ganzen Interview mam Dr. Markus Ollert an der Dr. Annette Kühn