Zesumme mam Partner an engem Bett schlofen: Gutt fir déi geeschteg Gesondheet a Kreativitéit. Dat mengen mol däitsch an dänesch Fuerscher.

29/06/2020 Bessere Schlof am duebele Bett?

12 jonk a gesond Koppelen hu se geholl fir un der Etüd deelzehuelen. 24 Persounen hunn also 4 Nuechten am Schloflabo verbruecht an hunn deels eleng, deels un der Säit vum Partner oder Partnerin geschlof. D'Wëssenschaftler hunn dobäi analyséiert - vu Gehierwellen iwwer Ootmung, Muskelverspanung bis Kierperbeweegungen. Anengems goufen d'Probande gefrot, wéi et em hir Bezéiung dann sou steet.

Et ass zanter méi laangem bekannt, datt et am Koppel-Schlof méi Mouvementer ka ginn. Dee Plus u Beweegung dierf awer net mat schlechtem Schlof verwiesselt ginn, d'Gehier ass dee Moment net betraff - dat rout onofhängeg vum Kierper.
Dann hu se festgestallt, datt d'REM-Phasen (also "Rapid Eye Mouvement", déi séier Beweegunge mat den Aen am Dramschlof) bei Koppelen souwuel verlängert ewéi och manner gestéiert ware wéi bei deenen, déi eleng am Bett louchen. Et gëtt ugeholl, datt een doduercher emotionell méi ausgeglach gëtt, Kreativitéit, soziaalt Verhalen a Léisung vu Problemer kënne gestäerkt ginn. E besseren REM-Schlof bedeit dee Moment eng besser sozial Interaktioun. 
Dann huet déi Etüd och gewisen, datt Partner hir Schlofmuster een deem aneren upassen. Koppelen, déi einfach nëmmen "funktionéieren" stëmmen hire Schlof  net esou openeen of ewéi déi, wou d'Relatioun vill méi intensiv ass. Dee Moment gëtt de Schlof och méi staark synchroniséiert.

Et waren also 12 jonk a gesond Koppelen, déi bei där Etüd matgemaach hunn. D'Wëssenschaftler hunn dann och keng Garantie ginn, datt et déi positiv Effekter och bei eelere Koppele soll ginn. Oder wann ee vun de Partner am duebele Bett krank ass. Oder: Wann ee vun deenen zwee schnaarcht.