3 schwaarz Buschtawen an e rout Häerz. 1975 huet de Milton Glaser dee weltberüümte Logo fir de "Big Apple" kreéiert. Den Designer ass elo am Alter vun 91 Joer zu Manhattan gestuerwen.

30/06/2020 I love NY

New York City - KENG Stad ewéi vill anerer. A wien schonn mol do war, konnt de Logo quasi iwwerall erblécksen. An iwwerhaapt: En ass op der ganzer Welt ze fannen an ze kréien. Als Sticker, Pouster, T-Shirt, Taass ... e groussen „i“ , e rout Häerz an dann nach den „n“ an den „y“. Onverkennbar: I love New York.
Erfonnt vum Milton Glaser, dem Fils vun ungareschen Immigranten, gebuer de 26. Juni 1929 an der Bronx. De Glaser gëllt als Doyen vun den amerikanesche Grafikdesigner, dee mat sengem dacks ganz faarwege Retro-Stil der US-Popkultur eng optesch Identitéit ginn huet. En ass och de Matbegrënner vum bekannten „New York Magazine“.
D'Stad huet Mëtt den 1970er eng Campagne lancéiert fir den Tourismus ze promovéieren. Et gouf e spezielle Song komponéiert an dem Milton Glaser ass deen einfache visuelle Logo mat den 3 Buschtawen a mam rouden Häerz ënnerwee an engem Taxi agefall. Hie selwer huet deemools net un de Succès vun der Campagne gegleeft a wollt och fir d'Entwécklung vum Logo keng Gage.
10 Joer nom Start vun der Campagne huet de Staat New York de Logo schütze gelooss. Iwwer 30 Milliounen Dollar  kommen zanterdeem all Joer duerch de Merchandising an d'Keesen.

Déi 3 Buschtawe sinn iwwregens an der American Typewriter-Schrëft gehalen, de Logo selwer gëtt et mëttlerweil an enger Onmass Ofwandlungen a Variatiounen. Eng dovunner staamt vum Glaser selwer: „I love NY more than ever“ - dat war nom 911.

De Milton Glaser ass op sengem Gebuertsdag, de 26. Juni am Alter vun 91 Joer verscheet. Natierlech zu New York, Manhattan. Do, wou jo och de Museum of Modern Art ze fannen ass. An an deem bis haut e Stéck Pabeier mam éischten Entworf vum weltberüümte Logo ze gesinn ass.