D'Autokinoe loossen haut hir Dieren zou, da wier et mol erëm um Schlappekino. Am ZDF heescht et den Owend erëm Montagskino, dës Kéier mat vill Knupp a vill Bumm.

Zwee U-Booter, ee russescht an een amerikanescht, ginn am nërdlechen Äismier ugegraff a versenkt. Doropshi muss dat amerikanescht U-Boot Arkansas kucke goe wat do geschitt ass. Kapitän vun där Maschinn ass de Commander Joe Glass, gespillt vum Gerard Butler, dee virun allem fir seng onorthodox Methode bekannt ass. Wéi dann och nach de russesche President entféiert gëtt, stinn d'Zeechen op 3. Weltkrich.

.

Hunter Killer den Owend um 22:15 am ZDF.