Hutt der iech da schonn dru gewinnt dass der musst eng Mask undoen? Mëttlerweil gehéiert dat jo zu eiser neier Normalitéit, mä elo am Summer wann et nees soll méi waarm ginn, ass et gutt wann een e puer Tipps kritt wéi et sech besser ënnert der Mask aushale léisst.

30/06/2020 Mat der Mask duerch de Summer 17h10

Et ass e Gefill vu Fräiheet wann ee seng Mask ausdeet nodeems ee se laang unhat, et kann een nees duerchootmen an et gëtt engem drënner och net sou waarm. Virun allem déi selwer gebastelt Masken bestinn dacks aus décken Stoff. Recommandéiert gi Masken aus Naturfaser, 100 Prozent Kotteng wieren do am beschten gëeegent. Synthetesch Faser sinn éischter net sou gutt.

Dacks ënnerschat, virun allem wann d'Temperaturen elo dann am Summer nees klammen oder wann ee vläicht an d'Vakanz fiert, ass d'Faarf vun de Masken. Logescherweis sinn déi däischter Faarwen déi, ënnert deenen engem et am wäermste gëtt. Mat méi helle Faarwen ass een do besser bedéngt.

Dir kennt dat vläicht wann der op engem waarden Dag ären Auto an der Sonn stoen hat. An deem hellen Auto ass et herno méi angenehm wéi an deem däischteren, wann een do vun angenehm schwätze kann.

Bei de Kleeder ass et selwecht: déi wäiss, crème-faarweg oder giel si méi angenehm am Summer wéi déi däischter, esou ass et och bei de Masken.

Wann de Problem mat der Hëtzt da mol bis geléist ass, da bleift dee mam verrutschen. Ofgesinn dovunner dass d'Gummi-Band stremmt an engem d'Oueren no vir drécken. Masken mat integréiertem Drot wieren do ze recommandéieren, woubäi déi esou ze fixéieren sinn, dass de Stoff dann net direkt um Mond soll uleien.

Ënnert der Mask schweessen ass en natierlecht Phänomen. Grad wéi mer och an eise Kleeder schweessen. Wann d'Mask da fiicht gëtt, soll een dës natierlech wiesselen fir dass se hir Funktioun behält. Also am beschten ëmmer genuch Ersatz bei sech hunn.

Esou kënnt een also och mat de Masken stilvoll, a virun allem efficace duerch de Summer