Haut ass den Asteroid Day. Dee gouf viru 6 Joer agefouert well, wéi et schéngt, den 30. Juni 1908 an Asteroid iergendwou a Sibirie fir immens vill Schued gesuergt huet.

Hei zu Lëtzebuerg gëtt sech och fir dee Sujet interesséiert. A Coronazäiten dann awer a Form vun engem Webinar, en online Seminär, selbstverständlech ronderëm den Naturmusée. Tëscht 19:00 an 20:00 schwätzen an dësem Webinar den Eric Buttini, deen hëlt iech op eng virtuell Visitt vum Big Bang bis bei d'Planéite vun eisem Sonnesystem mat, dann de Patrick Helminger deen op d'Gefore vun Asteroiden ageet an de Matt Dawson wéi een Asteroiden entdeckt. Am beschten et mellt ee sech am viraus fir dëse Webinar un.