Elo kënnt der et jo zouginn! Wart Dir deen, deen all den Toilettepabeier stockéiert huet? Wann ee kuckt wéi eidel d'Regaler waren um Ufank vum Lockdown, da muss dat jo iergend een gewiescht sinn?

02/07/2020 Wien huet all deen Toilettepabeier kaf? 07h20

Mir gi 4 Méint zréck, Mäerz 2020. Och wa Regierungen opgeruff hunn et misst ee sech keen zweete Buttek doheem uleeën, ass de Stock vun de Supermarchéen séier un d'Limitte komm. Wann een de Produzente gleewe kann, dann ass de Verkaf während der Kris ëm 700 Prozent an d'Luucht gaang.

Enger Etude no waren dat virun allem Leit, déi d'Pandemie als eng besonnesch grouss Gefor ugesinn hunn. Dat Verhalen huet also mat der Perséinlechkeet ze dinn, esou heescht et nach weider. Wann ee sech vill Suerge mécht an Angscht besteet, dann huet een also och d'Tendenz fir vill Toilettepabeier ze stockéieren.

Erfuerscht gouf dat ënnert anerem vu Mataarbechter op der Uni Münster a vum Leipziger Max-Planck-Institut fir evolutionär Anthropologie. Méi genee ënner d'Lupp geholl gouf d'Woch vum 23. bis den 29. Mäerz. 1029 Erwuessener aus 35 Länner si gefrot ginn. Lëtzebuerg war net mat derbäi. Net nëmmen Donnéeën iwwert d'Perséinlechkeet vun de Leit goufe gesammelt, mä eng vun de Froen war och, wéi se d'Coronagefor aschätzen a wéi si sech während dem Lockdown verhal hunn. An natierlech wéi vill Toilettepabeier dass se kaf hunn.

D'Resultat war dunn eben, dass an deem Perséinlechkeetsprofill virun allem d'Emotiounen eng wichteg Roll gespillt hunn. Wien Angscht huet, keeft méi Toilettepabeier kéint ee vereinfacht soen. Awer och déi, di sech besonnesch gewëssenhaft verhalen, haten d'Tendenz es méi ze kafen wéi soss. Dozou zielen och Leit déi sech besonnesch perfektionistesch verhalen.

Och beim Alter gouf et e kloert Resultat. Et wieren méi eeler wéi jonk Leit déi zu den Hamsterkeefer gezielt hätten.

Aktuell geet an Australien d'Vente vum Toilettepabeier staark erop. Zu Melbourne, der zweetgréisster Stad an Australien koum et nees zu Hamsterakeef. Doropshin hunn déi zwee gréisst Supermarchéen an Australien decidéiert, dass all Client nëmmen nach eng limitéiert Unzuel vun Toilettepabeier kritt. De Premier Scott Morrison huet seng Landsleit opgefuerdert, dat Stockéieren sinn ze loossen, et wier, sou de Morrison weider, nämlech einfach lächerlech.