U sech staamt se aus Zentralamerika, mëttlerweil gëtt et se awer bal iwwerall. Den Avocado-Trend hält elo schonn eng Weilchen un. Zäit fir mol nees deen een oder aneren Tuyau opzedëschen.

02/07/2020 Avocado: Tipps & Tricks

Superfood, Superfruucht. Ass et en oder eng Avocado? Dat  ass awer elo net d'Thema. Déi verformte Bier mam décke bronge Kär ass op alle Fall och bei eis extrem beléift, net nëmme well se sou gesond ass. Proteinen, Vitaminen, Mineralien an net ze vergiessen: vill ongesiedegt Fettsaieren, déi eis Kierper brauch an net selwer produzéiere kann

U sech fënnt een an eise Butteker zwou Zorten. D'Fuerte, méi gréng a glat an d'Hass-Avocado, benannt no hirem Entdecker dem Kalifornier Rudolph Hass, deen dës Mutatioun an den 30er Joren zoufälleg a sengem Gaart entdeckt huet. Déi ass méi brong a gerompelt an nawell méi heefeg bei eis an de Regaler.

Wéi fanne mer dann elo eraus, ob se ideal zeideg ass?
Do ginn et zwee kleng Tricken. Mam Daum ganz duuss widder d'Schuel drécken, wann déi eng Grimmel nogëtt: Wonnerbar. Oder dee klenge Wupp vum Still virsiichteg erandrécken, wann dat klappt: Tipptopp.
Et ginn awer och zwou Methode fir d'Avocado noräifen ze loossen. Mat enger zeideger Banann oder engem Apel an Zeitungspabeier  awéckelen a maximal 3 Deeg leie loossen. An dann ëmmer mol nees mam Drocktest kontrolléieren.
Et geet awer och méi séier, bannt 2 Stonnen.
D'Avocado a Sträifen zerdeelen an déi dann  an eng Esseg-Mixtur leeën. 150 ml Waasser, 50 ml Esseg, 5 EL Zocker an 1 TL Salz. Deckel drop an am Frigo loossen.
D'Fruucht kritt op dës Manéier Waasser entzunn a gëtt mëll a cremeg.

Iwwregens: Och mat deem décken haarde Kär kann een eppes Sënnvolles ufänken. Deen ass souguer nach méi gesond esou d'Uebst selwer. Loosst en 2,3 Deeg dréchnen bis en sech rout-brong verfierft. Da kleng schneiden an an engem Smoothie-Mixer verschaffen oder en, wéi eng Muskatnoss, iwwert Zalot oder Müsli verreiwen.

An dann nach séier en herrlecht Rezept fir elo am Summer:
Avocado, Mango a frësche Saumon. Alles a kleng Wierfele schneiden, vill Zitroun, Salz, Peffer an eng Pouz Chilli. Ee gudden !