D'NASA huet e klengen, awer dofir net manner dréngleche Problem. Aktuell sicht se no der perfekter Toilette am All a mécht dowéinst en Appell un d'Ëffentlechkeet, Nicky Soisson.

02072020 Toilette fir op de Mound FINAL

Et gi Saachen, iwwer déi sech normal Stierflecher keng Gedanke maachen. Dozou gehéiert zum Beispill d'Fro, wéi Astronaute bei engem Ausfluch an den All eigentlech op d'Toilette ginn. Stëmmt! Déi Fro hunn ech mir bis dato och nach net gestallt an dobäi ass se duerch aus berechtegt. Ma et schéngt, wéi wann dat um Mound sou richteg zum Problem géif ginn.

A 4 Joer schéckt d'NASA hir Astronauten mam "Artemis" Programm nämlech op eng Missioun an den All. Et wäert déi éischt Landung um Mound zanter 1972 ginn. Ma virdru sollt de Problem mam Troun awer méiglechst am Detail gekläert ginn an dowéinst verléisst sech d'Weltraumorganisatioun elo op d'Wësse vu potentiellen Erfinder! 

An enger extra dofir ugeluechter Campagne op der Plattform “HeroX” rifft d'NASA d'Participanten dozou op, eng Toilette fir um Mound ze designen oder besser gesot ze erfannen.

Ween elo mengt "easy", dee sollt wëssen, dass dat ganzt awer e bëssi méi tricky ass, wéi een Ugangs vläicht menge kéint. De gewollten Toilettesystem muss nämlech esou wuel an der Schwéierkraaft um Mound, wéi och an der Mikrogravitatioun funktionéieren. An der Beschreiwung heescht et och nach, dass dëse gläichzäiteg fir kleng wéi fir grouss Kommissioune gëlle soll an och op méi akut Fäll virbereet soll sinn. Gewiicht an Dimensioune sinn och virgeschriwwen, souwéi och nach de gewënschten Dezibel, deen den Niveau vun eventuelle Geräischer ugëtt. A last but not least, sollt dat Déngens souwuel fir Männer wéi och fir Frae konzipéiert sinn, well 2024 fir d'"Artemis-3" Missioun déi 1. Fra op de Mound reese wäert.

Ween all dës Oplagen a sengem Projet respektéiert, dee kann domat och nach e bëssi eppes verdéngen. Op mannst 35.000 US Dollar, also ongeféier 31.000 Euro, waarden effektiv op déi dräi bescht Proposen.

Wie sech elo inspiréiert fillt, huet nach bis de 17. August Zäit säi Projet fir dës Challenge eranzereechen! 

Klengen Tipp zum Schluss: Bonuspunkte kréien anscheinend Konzepter, déi et den Astronauten erlaben, sech z'iwwerginn, ouni dofir de Kapp an de Komp ze stiechen. Méi detailléiert Infos fannt Dir op HeroX, der Crowdsourcing-Plattform fir Erfinder.