Et ginn Erfindungen, fir déi war et néideg laang an haart ze schaffen ier een zu engem Duerchbroch koum. Et ginn der awer och déi duerch puren Zoufall entstane sinn an eist Liewen verännert hunn. Hei gitt Der gewuer ewéi dat mam Fixfeier war.

13/07/2020 Onerwaart Erfindungen: Fixfeier

Scho viru méi ewéi 1000 Joer hu se am ale China a méi spéit och hei an Europa Holzstécker mat Schwiefel benotzt, fir Feier am Kamäin an der Kichen ze maachen, mä et war méi ëmständlech fir se un ze kréien. Duerno goufen Hëlzer mat Käpp aus wäissem Phosphor a Chlorsalz gebraucht, déi hunn awer nëmme Feier gefaang  wann ee se a Schwiefelsaier gestach huet. Déi hunn also och nëmme funktionéiert wann een eng Fläsch mat där geféierlecher Flëssegkeet bei sech hat.

© Pixabay

An du koum den Apdikter John Walker aus Stockton-On-Tees. E Mann, dee sech fir Chirurgie, Mineralogie a virun allem Chimie a chemesch Experimenter intresséiert huet. D’Leit an der Stad hunn him dowéinst esouguer de Spëtznumm „Encyclopedie“ ginn. Am November 1826 huet de Walker a senger Fräizäit erëm mat verschiddene Chemikalien hantéiert, an der Hoffnung, et géif eng brennbar Mass fir Waffen dobäi erauskommen. Déi zéi Mëschung ass un engem hëlzene Läffelchen hänkebliwwen a wéi en domatter widdert den Uewe komm ass, koum et zu enger klenger Stéchflam. Dee Moment huet d‘Aart a Weis Feier ze maachen verännert.

© Pixabay

De Walker huet doropshin an engem klengen Heem fir aarme Leit Holzstécker schnëtze gelooss an déi selwer mat de Käpp a seng speziell chemesch Mëschung gezappt. En huet e Stéck Schläifpabeier dobäi geluecht an d’Fixfeier war fäerdeg. De 7ten Abrëll 1827 huet e seng sougenannt ‚friction lights‘  eng éischte Kéier verkaaft, un en Affekot, fir ee Schilling an zwee Pence.

Räich ginn ass den John Walker mat senger Erfindung awer net, well e se net schütze gelooss huet. De Samuel Jones vu London war do méi séier: hien hat vum Walker senger Iddi héieren, selwer Fixfeier produzéiert an e Patent op seng ‚Lucifers‘ kritt-   esou huet en se wéinst dem Schwiefelgeroch genannt.
Am Laf vun der Zäit hu nach vill Chemiker un der Mëschung ronderëm gedoktert. Haut hu mer méi e séchert Fixfeier.  Déi aktuell Käpp loosse sech nëmme nach umaache wann ee se laanscht déi speziell Beschichtung op der Këscht reift. Fréier war dat vill méi einfach an doduerch och méi geféierlech.

© Pixabay

Dat Fixfeier, wat een egal wou kann umaachen gëtt et nach ëmmer. Dat sinn déi sougenannt ‚Cowboy-Matches‘. Esou ewéi déi an de Western-Filmer, déi een och un engem Schong oder Steen kann umaachen.