Ägypten huet gëschter no 3 Méint nees Visiteuren an a ronderëm déi berüümt Pyramiden vu Gizeh zougelooss. Natierlech ënnert strenge sanitäre Sécherheetsreegelen.

03/07/2020 Pyramide sinn nees op

Deen 1. confirméierte Coronavirus-Fall hat Ägypten op Vältesdag, de 14. Februar. Wéinst der Pandemie goufen dunn och hei Butteker, Restauranten, Caféen, Muséeën an natierlech archeologesch Touristenattraktiounen zougemaach. Bis ewell sinn am nordafrikanesche Land knapp 70.000 Infektiounen an 3000 Doudeger registréiert ginn.

E Fënneftel vum nationale PIB also Bruttoinlandsprodukt staamt eben aus dem Tourismussecteur, an deem ronn 3 Millioune Leit schaffen. An de vergaangene Joren huet déi ägyptesch Tourismusindustrie nawell vill Bouleversementer musse verdauen. Déi politesch Instabilitéit nom Stuerz vum Husni Mubarak am Joer 2011 huet vill Touristen ofgeschreckt. Zejoert goung et dunn nees biergop, mat 13,6 Millioune Visiteure konnt d'Land en neie Rekord opweisen.

Dunn eben och hei de Lockdown, bis gëschter. D'Leit konnten nees op de Site vu Gizeh bei d'Sphinx a Co. Natierlech ënnert deenen och eis mëttlerweil geleefege Sécherheetsmesuren, alles gouf a gëtt desinfizéiert, och d'Visiteuren an hir Rucksäck a Poschen. Scho kuerz no der offizieller Re-Ouverture waren Dosenden  auslännesch Touristen op der Plaz, virgëschter hat d'Regierung d'Reesrestriktioune méi labber gemaach an de Fluchverkéier fir international Volle fräiginn.
Elo hoffen se dann, datt mat der Ouverture vun den Attraktiounen deen ofgebremsten Tourismussecteur nees un d'Rulle kënnt.

D'Pyramide vu Gizeh leien eng 15 Kilometer vun der Haaptstad Kairo, se stamen aus der Zäit ëm 2.500 viru Christus a sinn dat eenzegt nach erhalent vun deene 7 Weltwonner aus der Antik.