Gläich en halleft Joer beschäftegt se eis: D’Corona-Kris. D’Pandemie huet d’Welt ëmmer nach am Grëff an et ass nach net ofzegesinn, wéini dat op en Enn komme wäert.

06/07/2020 Corona Kris aus der Siicht vun den Historiker

Wat kloer ass: dës Zäit wäert och fir d’Zukunft Konsequenze mat sech bréngen a spéider Generatiounen wäerten dëst Thema wuel als eent vu villen am Geschichtsunterrecht behandelen. Wéi ee sech spéiderhin un dës Zäit erënnere wäert ass eng Fro, mat der sech d’Historiker schonn haut beschäftegen.

Do ginn et ënnerschiddlech Usätz. Zum engen de Stater Geschichtsmusée: Déi haten en Opruff lancéiert fir perséinlech Géigestänn ze sammelen, déi d’Leit mat der Corona-Kris verbannen. Nieft relativ offensichtlechen Objeten, ewéi verschidden Zorte vu Masken, sinn och Saachen dobäi wou een op den éischte Bléck villäicht keen direkten Zesummenhang erkennt: Eng am Confinement gestréckten Decken zum Beispill, déi eng eeler Damm erageschéckt huet an déi illustréiert wéi laang de Confinement gedauert huet a wéi d’Leit sech d’Zäit verdriwwen hunn.

Een anere Projet ass Covidmemory.lu, e Projet vun der Uni Lëtzebuerg, méi genee vum C2DH, engem vun hiren interdisziplinäre Fuerschungsinstituter. D’Iddi dohannert ass et, en digitaalt Archiv unzeleeën an dem jiddereen seng Erënnerunge, Gedanke a Reflexiounen deele kann. Am Géigesaz zum Musée gëtt hei keng Selektioun gemaach, et kann ee sech also alles wat de Richtlinnen entsprécht direkt online ukucken.