Schauspillerei ass net ëmmer einfach. Et gëtt Rollen, fir déi muss ee sech schonn e bëssen ustrengen. Sief et fir of- oder bäi ze huelen. Eng nei Sprooch léieren oder en Musekinstrument studéieren. Hei goufen et der souguer déi esouvill Spaass haten, dass se bei der Musek bliwwe sinn.

07/07/2020 Acteuren déi fir hir Roll zum Museker goufen

Kommt mer fänke mam Christian Bale un. Den Acteur huet schonn dacks gewisen zu wat hie fäeg ass, wann et drëms geet sech op eng Roll virzebereeden. Hien ass net de klasseschen Acteur, dee Protein-Milkshaken drénkt a vill trainéiert fir de Kierper ze kréien dee fir d'Roll verlaangt gëtt. Nee, hie geet méi wäit. Fir de Film "The Big Short" huet hie geléiert Batterie ze spillen.
Dat, fir déi Zeenen ze dréinen, déi weisen, wéi hien de Stress ofbaut. Esou héiert dat sech am Film un.

Den Hummer bei der Saach war awer deen, dass de Christian Bale dat an nëmmen 2 Woche geléiert huet. Permanent huet hien d'Musek vu Pantera gelauschtert.

Den Adrien Brody hat am Film "Der Pianist" d'Roll vum polnesch-jiddesche Pianist Wladyslaw Szpilman. Fir dat esou authentesch wéi nëmme méiglech maachen ze kënnen, huet de Realisateur Roman Polanski hien forcéiert Piano-Coursen ze huelen. Fir d'Roll esou reell wéi nëmme méiglech ze spillen huet hien seng Frëndin verlooss. Säin Auto verkaf an en Appartement iergendwou an Europa kaf. Hien wollt verstoe wéi e Mann sech fillt, deen alles verluer huet. Hei dann elo den Extrait aus dem Film wou hien Ballad am G-Minor spillt.

D'Aarbecht huet sech gelount. Den Adrien Brody krut um Enn en Oscar.

Och fir kuerz Zeene gëtt dacks geprouft. Rachel Weisz huet z.B fir de Film Brothers Bloom eng Zeen misse spillen an där bannent +/- 10 Sekonnen direkt e puer Instrumenter an den Asaz kommen. E Piano e Banjo en Akkordeon an och eng Gei. Elo hätt ee fir dee kuerzen Intermezzo och kënnen sou maache wéi wann. Ma Rachel Weisz wollt et perfekt hunn. Si huet kuerzerhand decidéiert all dës Instrumenter ze studéieren. Virun allem wann ee gesäit wéi si d'Fanger op den Instrumenter usetzt, kann een dovun ausgoen dass d'Madamm Anung huet.

Sou héiert et sech am Film un.

Um Enn wëll ech och net déi legendär Jazzclub-Zeen aus dem Film "Der talentierte Mr Ripley" vergiessen. De Matt Damon an den Jude Law genéissen hiert Liewen am Süde vun Italien. Do dernieft spillen se munchmol am lokale Jazzclub. De Matt Damon huet extra dofir geléiert Piano ze spillen. Dozou muss een dann och soen, dass Jazz alles anescht wéi einfach ass. Wat fir den Damon de Piano war, war fir den Jude Law de Saxophon. En Instrument deem hien bis haut trei ass.