Et ass déi perfekt Geleeënheet fir mol eng Kéier gutt vill Schockela z'iessen, an dat ouni schlecht Gewëssen, well schliisslech soll de Schockela jo och gefeiert ginn. Schockela ass e Liewes- a Genossmëttel dat haaptsächlech aus Kakao an Zocker besteet, am Fall vu Mëschschockela och aus Mëllechproduiten

07/07/2020 Op Den Dag: De Weldag vum Schockela

Et gëtt eng Abberzuel un Zorte, Qualitéiten, Formen, a Goûten....och wa mer nach ëmmer bei der Basis tëscht Batterschockela, Mëllechschockela a wäissem Schockela ënnerscheeden. Eng Zort déi geholl gëtt fir ze baken, wou méi Fett dran ass, nennt ee Kuvertüre, an entretemps ginn och verschidde Gewierzer wéi Chilli, Kanéil, schwaarze Peffer oder Thymian dragemëscht. Lofschockela gëtt et dann och nach, an där si vill kleng Loftblosen dran.  
Zeréck awer mol bei d'Basis: Am ongeséisste Kakaopolver sinn 1 bis 3 Prozent Theobromin dran, wat chemesch dem Koffein e bësse gläicht. Dee wierkt mëll an ureegend op den Organismus a suergt liicht fir eng besser Stëmmung. Fir de Mënsch ass déi Substanz - am Géigesaz zu de Muppen, Kazen, Villercher a Päerd - ongeféierlech. Um Ufank vum 19. Joerhonnert ass Schockela an den Apdikten als Stäerkungsmëttel verkaaft ginn.
Nieft dem Ruff als Séilentréischter gëllt déi séiss Delikatess och ëmmer nees als Liebesdrog oder Aphrodisiakum. De Gléckshormon Phenylethylamin léisst als Montermaacher de Bols, de Bluttdrock an och den Zockerspigel an d'Luucht schéissen, allerdéngs just an héijer Dosis. D'Experte mengen och dass d'Wierkung dohier kënnt, dass d'Loscht um Genoss vun der Séissegkeet Phantasie fräisetzt déi aphrodisesch wierken.    
Wann et ëm Schockelakonsum geet, leien d'Europäer am internationale Verglach wäit vir. 9,71 Kilo gi pro Kapp giess an domat ass ee mat der Schwäiz op engem Niveau.
Fir déi perfekt Boun brauch ee vill Reen a waarm Regiounen, dofir ass d'Côte d'Ivoire dee gréissten Importateur vum Globalen Handel.
Ursprénglech kënnt Kakaosboun awer aus Mexiko a gëtt do schon zantr 3500 Jo er produzéiert, vun den Omelken, iwwert d'Maya bis bei d'Azteken. „Xocoatl“, sou gouf e genannt, war ganz batter. D'Maya hunn dem Kakao och eng nei Bedeitung ginn, sou war deen och just den eelere Kreesser virbehalen a gouf als Wärung agesat fir ze bezuelen. Ma och d'Azteken hunn de Kakao fir medezinesch a rituell Zwecker agesat.