No engem laange Schaffdag gëtt et dach näischt besseres wei sech einfach mol virun d'Tëlé ze leeën an seng Liblingsserien a Showe ze kucken. Dohannert stinn awer dacks enorm Produktiounen a vrun allem enorm Käschten. De Loïc Juchem huet puer vun de beléiften däitsche Formater ënnert d'Lupp geholl.

07/07/2020 Wat kaschte grouss TV-Showen?

An et ass scho relativ spannend ze gesi wéi vill Sue verschidde Sender fir hir Programmer ausginn an d'Präisser sinn och fir jiddereen accessibel. Schonn 2017 huet d'ARD an den ZDF op sougenannte ''Transparenzsaiten'' de Leit verrode wou d'Suen hifléisse, wou jiddwer Däitsche muss bezuele fir kënnen déi ëffentlech rechtlech Tëleessender ze suivéieren.

Den ZDF geet do just bëssen anescht vir a presentéiert seng Zuelen och méi am Detail. Fir déi ronn 46 Live-Emissioune vum ''Aktuellen Sportstudio'' gëtt den ''Zweeten'' all kéier 165.000 Euro aus.

Bei der ARD muss ee fir d'éischt mol norechnen, si presentéiere Minuttepräisser. No bësse rechne fënnt een dann awer séier raus, datt 15 Minutte ''Tagesschau'' 27.660 Euro kaschten an dat eng Emissioun vu ''Gefragt-Gejagt'' 96.300 Euro kascht.
Et mierkt een awer och ganz séier datt Transparenz seng Grenzen bei der ARD huet. Präisser fir d'Showe "Klein gegen Groß", "Verstehen Sie Spaß?" an „Die F este mit Florian Silbereisen" oder fir  "d'Sportschau" ginn net publizéiert.

Et ass jo de RDV um Freiden Owend zesumme mam Oliver Welke. Pro ''Heute Show'' leet den ZDF all kéiers ronn 0,32 Milliounen Euro op den Dësch. De Johannes B. Kerner sicht regelméisseg ''Der Quiz Champion'', déi a generell all ZDF-Show um Mëttwochowend, kascht ronn 0,9 Milliounen.

Bei der ARD investéiert een do souguer nach e bësse méi. Rezent hunn si ''Die Getriebenen'' gewisen. E Film iwwert d'Politik vum Angela Merkel a senger Equippe während der Flüchtlingskris. 38 bis 40 där Filmer ginn am Joer gewisen a se kaschte pro Film ronn 1,67 Milliounen Euro.

Fir de Schluss da nach eng Serie déi sech vill Leit net entgoe loossen. Feste Rendez-vous huet ee Sonndes mam ''Tatort'' 43 bis 48 Folge ginn et am Joer, de Budget leit bei ron 1,67 Millioune pro Sonndeg.